Wilhelm Diehl (Kreisleiter)

Vu Wikipedia
Wilhelm Diehl
Gebuer 20. Dezember 1889
Ausweiler
Gestuerwen 1. Dezember 1965
Tréier
Nationalitéit Däitschland
Aktivitéit Politiker
Partei NSDAP

De Wilhelm Diehl, gebuer den 20. Dezember 1889 zu Ausweiler (deemools Krees St. Wendel, haut Landkrees Birkenfeld) a gestuerwen den 1. Dezember 1965 zu Tréier, war en däitsche Fonctionnaire, deen am Zweete Weltkrich Kreisleiter zu Lëtzebuerg war.[1]

De Wilhelm Diehl, dee fir Schoulmeeschter geléiert hat a spéider Oberregierungsrat a Schulrat gouf, ass schonn den 1. November 1932 an d'NSDAP agetrueden. Vum Mäerz 1933 bis an d'Joer 1945 war hie “Kreisamtsleiter für Erziehung bei der Kreisleitung Trier“. Vum November 1938 bis den August 1939 war hien op Aussig (Ústí nad Labem) geschéckt ginn, fir do d'Schoulwiesen am Sudetenland no nazi-däitschem Muster opzebauen. Vum 1. Abrëll 1940 bis zum 25. August 1940 war hie Mobilmachungs-Kreisleiter zu Bernkastel.

Ufanks September 1940 koum den Diehl op Lëtzebuerg, wou hie bis den 1. Mee 1942 „Referent des Volksschulwesens“ beim „Chef der Zivilverwaltung“ (CdZ), dem Gauleiter Gustav Simon, gouf. Donieft war hie vum 1. Oktober 1940 un M-Kreisleiter vum Krees Esch, mat Sëtz zu „Esch-Alzig“, bis hie sech Ufanks September 1944 no Däitschland aus dem Stëbs gemaach huet.

Vum 9. September 1944 bis de 16. Mäerz 1945 war hien dunn erëm M-Kreisleiter zu Bernkastel. De 7. Mee 1945 ass hien den Amerikaner an d'Gräpp gefall a gouf op Lëtzebuerg ausgeliwwert. Do ass hien de 25. September 1946 ukomm an am Gronn an de Prisong gestach ginn. Hie koum virun d'Geriicht fir Krichsverbriecher. Et gouf him virgeworf wärend senger Amtszäit zu Lëtzebuerg, responsabel gewiescht ze si fir d'Ëmsiidlung vun 369 Familljen a fir eng Rei vu Verhaftungen, donieft hätt hien dofir gesuergt, datt vill lëtzebuergesch Fonctionnairen entlooss a vill Leit an d'KZ geheit gi wieren. Den 22. Juni 1950 ass am sougenannte „Kreisleiterprozess“ d'Uerteel gesprach ginn: den Diehl gouf zu 17 Joer Zwangsaarbecht condamnéiert.

An Däitschland gouf hien am Kader vun der Entnazifizéierungsprozedur duerch d'Uerteel vum 20. August 1952 als „Belasteter” agestuuft. Duerch den Arrêt vun der “Rechtsmittelabteilung“ vun der “Spruchkammer“ vum 26. September 1952 ass awer déi géint hien an d'Wee geleete Prozedur agestallt ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Massard 2018a, Massard 2018b; Dorfey 2003, S. 388-389; Maier 2007, S. 182; RPPD 2018.