Wilhelm Foerster

Vu Wikipedia
Wilhelm Foerster
Gebuer 16. Dezember 1832
Gestuerwen 18. Januar 1921
Nationalitéit Däitschland
Educatioun Universitéit Bonn
Aktivitéit Astronom, Universitéitsprofesser, Auteur, Physiker, Mathematiker
Member vun Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Den Wilhelm Julius Foerster, gebuer de 16. Dezember 1832 zu Grünberg a Schlesien a gestuerwen, den 18. Januar 1921 zu Bornim war en däitschen Astronom.

Famill[änneren | Quelltext änneren]

De Foerster war den zweete Jong vum Duchfabrikant Friedrich Foerster a senger Fra Hulda Foerster, gebuere Seydel.

Vun 1868 bis 1908 war hie mat der Ina Foerster, gebuere Paschen bestuet. Si haten dräi Jongen an zwou Duechteren. Hiren éischte Jong war de Philosoph a Pazifist Friedrich Wilhelm Foerster (1869–1966), e Géigner vum Nationalsozialismus. Den zweete Jong war de Staudenziichter an Naturphilosoph Karl Foerster (1874–1970). Den drëtte Jong, Ernst Foerster (1876–1955), war Schëffsconstructeur bei Blohm & Voss, Chef vum Schëffswiese vun der Hamburg-Amerika-Linn souwéi Editeur vun der Zäitschrëft "Werft, Reederei, Hafen".

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Berliner Gedenktafel um Haus Ahornallee 32, zu Berlin-Westend

De Wilhelm Foerster goung vun 1847 op de Maria-Magdalenen-Gymnasium zu Breslau. Vun 1850 bis 1854 huet hie Mathematik, Physik, Konschtgeschicht a spéider Astronomie op der Universitéit Bonn ënnert dem Friedrich Wilhelm August Argelander studéiert. Vun 1855 un schafft hien als zweeten Assistent an zanter 1860 als éischten Assistent vum Johann Franz Encke, deem deemolegen Direkter vum Berliner Observatoire. Zesumme mam Otto Lesser entdeckt hien 1860 den Asteroid (62) Erato.

1858 habilitéiert hie sech op der Berliner Universitéit a gouf 1863 zum ausseruerdentleche Professer beruff. Am selwechte Joer gouf hie no der Krankheet vum Encke säi Stellvertrieder. Nom Encke sengem Doud huet hien am Joer 1865 d'Positioun vum Direkter iwwerholl, déi hie bis 1903 gemaach huet. Eng vu sengen éischten Aufgaben als Leeder vum Observatoire war d'Erneierung an d'Moderniséierung vum Instrumentarium. Sou gouf de Fraunhofer-Refrakter, mat deem den Johann Gottfried Galle am Joer 1846 de Planéit Neptun entdeckt hat, iwwerschafft an e 7"-Meridian-Teleskop an Optrag ginn an opgestallt. Zu senge weideren Aufgaben huet och d'Organisatioun vum Zäitdéngscht gehéiert, déi genee Gradmiessung (Längten- an Breetegraden) an d'Iwwerwaachung vum Äerdmagnetismus. De Foerster huet d'Auer vum Observatoire mat elektresche Kontakten ersat an hat mat Kabel genee Zäitsignaler zu der Berliner Zentral vun der telegrafenstatioun geschéckt.

Zesumme mam Johann Jacob Baeyer hat de Foerster eng Denkschrëft "Promemoria betreffend die Organisation eines Instituts für höhere Meßkunde" opgestallt. Si hunn d'Schrëft de 16. Mäerz 1867 beim Preisesche Kultusministère eragereecht. Dat hat 1870 zu der Grënnung vum Kinniklech Preisesche geodeteschen Institut zu Berlin gefouert.

De Foerster publizéiert 1871 eng Denkschrëft fir de Bau vun engem Observatoire fir d'Observatioun vun der Sonn. Dat war den Ustouss fir d'Grënnung vum Astrophysikaleschen Observatoire a spéider vum Bau vum Einsteintuerm zu Potsdam. 1874 grënnt hien d'Astronomescht Recheninstitut, dat ë. a. d'Bunne vu villen Asteroide berechent. Am Joer 1875 gëtt en zum uerdentleche Professer ernannt.

De Foerster gouf 1870 zum Direkter vun der Normal-Eichungs-Kommissioun, dat deemools sougenannt iewescht Eichamt, vum Norddäitsche Bond resp. 1871 vum Däitsche Räich bestëmmt. 1872 gouf hien als ee vun de Vertrieder vun Däitschland an den internationale Comitee vun der weltwäit eenheetlecher Aféierung vum metresche System geschéckt, aus deem d'Meterkonventioun 1875 ervirgoung. D'Verhandlunge vun der Meterkonventioun waren 1875 wéinst sengem Verhandlungsgeschéck net feelgeschloen. Den Wilhelm Foerster hat entscheedenden Undeel un der Fuerschung vun de Liichtenden Nuetswolleken, déi vun 1885 observéiert goufen. Säi Mataarbechter Otto Jesse hat si iwwer ettlech Joer studéiert.

Zesumme mam Werner von Siemens an Max Wilhelm Meyer grënnt de Foerster 1888 déi astronomesch Gesellschaft Urania. Hie war President vun der Vereinigung der Freunde der Astronomie und kosmischen Physik, déi sech ëm eng wäit Verbreedung vun astronomeschem Wësse beméit an amateurastronomesch Aktiitéiten ureegt. Vin 1891 bis 1920 war hie President vum Internationalen Comitee fir Moossen a Gewiichtet. 1899 grënnt hie mam Carl Theodor Albrecht an Friedrich Robert Helmert den Internationale Breedendéngscht.

De Foerster war Member vun der Däitscher Gesellschaft fir eethesch Kultur (an där den Albert Einstein och Member war) an der Däitscher Friddensgesellschaft, well hien Enn vum 19. Joerhonnert wäitverbreeten Ideen vum Nationalismus ofgesot hat. 1914 ënnerzeechent hie fir d'éischt de nationalistesche Opruff un d'Kulturwelt, kuerz drop awer de géigendeelegen Opruff un d'Europäer.

Éierungen[änneren | Quelltext änneren]

Zum Gedenken un de Wilhelm Foerster goufen de Wilhelm-Foerster-Observatoire zu Berlin an den Asteroid (6771) Foerster genannt. Um Haus Ahornallee 32, zu Berlin-Westend, an deem de Foerster vun 1904 bis 1911 gewunnt hat, gouf de 4. Juni 2009 eng Berliner Gedenktafel enthüllt.

Esperanto[änneren | Quelltext änneren]

  • Festvortrag am 1. Juni 1912 im Bürgersaal (Rotes Rathaus, Berlin) zur Feier des 25-jährigen Jubiläums von Esperanto über die Bedeutung von Esperanto für alle Bereiche der Kultur.
  • Mitglied im Beirat der „Internacia Scienca Asocio Esperantista (ISAE)“, deren Vorsitzender Hippolyte Sebert war.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Peter Aufgebauer: Wilhelm Foersters (1832–1921) chronologisches Werk. In: Die Sterne. 50, 1974, ISSN 0039-1255, S. 51–59.
  • Johannes Graf: Wilhelm Foerster, Vater der Zeitverteilung im Deutschen Kaiserreich. In: PTB-Matdeelungen. 119. Joergank, Heft 3/2009 (Online; PDF; 3,6 MB), S. 209–215
  • Mathias Iven (Hrsg.): 3x Foerster. Beiträge zu Leben und Werk von Wilhelm Foerster, Friedrich Wilhelm Foerster und Karl Foerster. Schibri-Verlag Milow 1995, ISBN 3-928878-29-8
  • Wilfried Schröder: Entwicklungsphasen der Erforschung der Leuchtenden Nachtwolken. Akademie-Verlag, Berlin 1975, (Akademie der Wissenschaften der DDR, Publikatioune vum Fuerschungsberäich Geo- a Kosmoswëssenschaften 5, ISSN 0138-4600).
  • Wilfried Schröder: Wilhelm Foerster and the geophysical observations after the Krakatoa. In: Acta Geodaetica et Geophysica Hungarica. 43, 2008, 4, ISSN 1217-8977, S. 473–476.
  • Bruno Wille: Denkwürdigkeiten eines Sternsehers. In: Reclams Universum : Moderne illustrierte Wochenschrift. 27.2, 1911, S. 972–975.
  • J. Bauschinger: Wilhelm Foerster †. In: Astronomische Nachrichten. Band 212, 1921, S. 489.
  • (en) N. N.: Wilhelm Foerster. In: Monthly Notices of the Royal Astronomical Society. Band 82, 1922, S. 263 (Noruff).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wilhelm Julius Foerster – Biller, Videoen oder Audiodateien