Wilhelm von Biela
Ausgesinn
Wilhelm von Biela | |
---|---|
![]() | |
Gebuer | 19. Mäerz 1782 |
Gestuerwen |
18. Februar 1856 Venedeg |
Nationalitéit | Kinnekräich Preisen, Keesertum Éisträich |
Aktivitéit | Astronom, Militär |
![]() |
De Wilhelm Freiherr von Biela, gebuer den 19. Mäerz 1782 zu Rossla am Harz, a gestuerwen den 18. Februar 1856 zu Venedeg, war en éisträicheschen Astronom an Offizéier.
Als Kapitän vun der Artillerie huet de von Biela d'Feldzich 1805, 1809 an d'Befreiungskricher matgemaach, a gouf spéider (1832) Plazkommandant vu Rovigo.
Bekannt gouf de von Biela duerch d'Entdeckung vum no him genannte Koméit. Nieft den Observatioune vu Koméiten huet hien och d'Sonneflecken ënnersicht.