Wilhelm vu Sachsen

Vu Wikipedia

De Wilhelm III. vu Sachsen, den Daperen, gebuer ëm 1425, a gestuerwen ëm 1482) war Fürst aus dem Haus Wettin, Herzog vu Sachsen an Herzog vu Lëtzebuerg.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Wilhelm III. gouf ëm 1425 als Jong vum Kurfürst vu Sachsen, dem Friedrich I., an der Kathrina vu Braunschweig-Lüneburg gebuer.

Bei der Altenburger Deelung 1445 gouf de Besëtz vu Wettin ënner dem Wilhelm a sengem Brudder, dem Friederich II., och nach den Douce genannt, opgedeelt. Hie krut de fränkeschen an thüringeschen Deel wärend säi Brudder de meißneschen Deel vum Kurfürstentum krut, an domat och d'Kurwürde. 1446 huet dës Deelung dunn zum sächsesche Brudderkrich gefouert, deen de 27. Januar 1451 duerch de Fridde vun Naumburg en Enn fonnt huet.

1457 gouf hien Herzog vu Lëtzebuerg. Am Joer 1459 huet hie mat sengem Brudder an dem Georg vu Podiebrad, dem Kinnek vu Béimen, am Vertrag vun Eger d'Grenzen zwëscht Béimen a Sachse festgeluet.

Seng lëtzebuergesch Ierfschaft ass un Habsburg gaangen.