William Henry Smyth

Vu Wikipedia
William Henry Smyth
Gebuer 21. Januar 1788
Westminster
Gestuerwen 9. September 1865
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich, Kinnekräich Groussbritannien
Aktivitéit Astronom, Archeolog, Marinnoffizéier
Member vun Royal Society, American Academy of Arts and Sciences
Famill
Kanner Henrietta Grace Smyth, Warington Wilkinson Smyth, Charles Piazzi Smyth, Georgiana Rosetta Smyth
De Smyth bei der Observatioun vun de Stäre am «TRANSIT-Room» vu sengem Härenhaus

De William Henry Smyth, gebuer den 21. Januar 1788 zu Westminster, London a gestuerwen den 9. September 1865 war Admirol vun der Royal Navy an e britteschen Astronom.

Hie war den eenzege Jong vum Joseph Smyth, engem Amerikaner, an der Georgina Caroline Pitt Pilkington, dem Kandskand vum iresche Schrëftsteller Matthew Pilkington an der Laetitia Pilkington. Am Laf vum Amerikanesche Revolutiounskrich koum de Joseph an England, wou de William op d'Welt koum.

De William war de Papp vum Charles Piazzi Smyth, Sir Warington Wilkinson Smyth a Generol Sir Henry Augustus Smyth. Vu senge Meedercher bestit d'Henrietta Grace Smyth de Mathematikprofesser Baden Powell a war d'Mamm vum Robert Baden-Powell, wärend d'Georgiana Rosetta Smyth de Sir William Henry Flower bestuet huet.

De Smyth goung an d'Royal Navy a wärend den napoleonesche Kricher déngt hien um Mëttelmier an erreecht de Rang vun engem Admirol. 1815 bestit hien d'Eliza Anne Warington, genannt "Annarella", eenzeg Duechter vum Thomas Warington, brittesche Vizekonsul zu Neapel. Si gouf seng Begleederin an Assistentin bei all senge spéidere wëssenschaftlechen Aarbechten. Wärend engem Optrag fir d'Bestëmmung vu schëffbare Waasserstroossen hat hien am Joer 1817 den italieeneschen Astronom Giuseppe Piazzi zu Palermo getraff an uschléissend deem säin Observatoire besicht. Dëse Besuch huet an him den Interessi un der Astronomie erwächt an am Joer 1825 huet hie säin Abschied vun der Marinn geholl.

Uschléissend huet hien en Observatoire zu Bedford, England gegrënnt. Den Observatoire war mat engem Teleskop mat enger Ëffnungswäit vu 15 cm ausgerëscht. Domat huet hien iwwer zwee Joerzéngte vill Deep Sky Objeten an den 1830er Joren observéiert. Seng Observatiounen huet hien 1844 ënner dem Numm Cycle of Celestial Objects publizéiert. Dat hat him 1845 d'Goldmedail vun der Royal Astronomical Society abruecht an zougläich hir Presidenteplaz.

Den éischte Band vu senger Aarbecht war generell iwwer Astronomie, säin zweete Band gouf bekannt als Bedford Catalogue, dora stoungen 1604 Observatioune vun Duebelstären an Niwwelen. De Katalog déngt als Standardwierk fir déi follgend Joer. Keng Observatioun virun him hat ee sou ausféierleche Katalog vu schwaachen Objeten opgestallt.

1826 gouf hien zum Fellow vun der Royal Society gewielt a war hire Vize-President vun 18361837, 18461847 a vun 18561857.

Nodeem hie seng Observatiounen ofgeschloss hat, goung de Smyth 1839 zu Cardiff an d'Pensioun. Säin Observatoire gouf ofgerappt a säin Teleskop gouf un den John Lee verkaf an an engem neien Observatoire beim Hartwell House ënnerbruecht. De Smyth hat awer ëmmer nach d'Geleeëenheet den Teleskop ze benotzen, well säin Haus net wäit vun der neier Standplaz vum Teleskop ewech war. Dat huet hien och nach an de Joren 1839 bis 1859 ausgenotzt fir weider astronomesch Observatiounen ze maachen. Den Teleskop steet haut am Science Museum zu London.

De Smyth krut Ufank September 1865 en Häerzinfarkt. No kuerzer Erhuelung hat hien dann den 8. September sengem Enkelkand, dem Arthur Smyth Flower, de Planéit Jupiter duerch en Teleskop gewisen. Mueres, den 9. September ass de Smyth am Alter vun 78 Joer gestuerwen. Hie gouf um Kierfecht vu Stone am Buckinghamshire no bei Aylesbury begruewen.

Um Äerdmound gouf d'Moundmier Mare Smythii no him genannt.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Henry Smyth – Biller, Videoen oder Audiodateien