William Ramsay (Chemiker)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat Chemiker William Ramsay. Fir Persoune mat demselwechten Numm, kuckt w.e.g. William Ramsay.
William Ramsay
William Ramsay.jpg
Gebuer 2. Oktober 1852
Glasgow
Gestuerwen 23. Juli 1916
High Wycombe
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich (1801-1927)
Educatioun Eberhard Karls Universitéit Tübingen, Universtéit vu Glasgow
Aktivitéit Chimist, Akademiker, Professer
Member vun Royal Society, Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Sankt Petersbuerger Akademie vun de Wëssenschaften, Schwedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie, Accademia Nazionale delle Scienze, Accademia delle Scienze di Torino, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen
Wikidata-logo-without-paddings.svg

De Sir William Ramsay, gebuer den 2. Oktober 1852 zu Glasgow a gestuerwen den 23. Juli 1916 zu High Wycombe (Buckinghamshire) war e schottesche Chemiker.

De William Ramsay war Professer fir Chimie zu Bristol an zu London huet 1894 zesumme mam Lord John Rayleigh den Edelgas Argon an 1898 mam Morris Travers d'Edelgasen Krypton, Neon an Xenon entdeckt. Hien huet ausserdeem erausfonnt, datt beim Zerfall vu Radium den Edelgas Helium entsteet, deen hien als éischten isoléiere konnt.

Hien huet d'Atomgewiicht vum Radon bestëmmt an huet d'Plaz vun den Edelgasen am Periodesystem vun den Elementer bestëmmt. Hie krut dofir 1904 den Nobelpräis fir Chimie.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: William Ramsay – Biller, Videoen oder Audiodateien