William Robert Brooks

Vu Wikipedia
William Robert Brooks
Gebuer 11. Juni 1844
Gestuerwen 3. Mee 1921
Nationalitéit USA
Aktivitéit Astronom

De William Robert Brooks, gebuer den 11. Juni 1844 zu Maidstone, England, gestuerwen den 3. Mee 1922 zu Geneva, New York, USA, war een gebuerenen engleschen Astronom, dee spéider an den USA gelieft a geschafft huet.

De Brooks huet mat sengen Elteren am Joer 1857 no Darien, New York, iwwergesiedelt. Hie krut eng Léier als techneschen Zeechner an huet spéider vill Verbesserungen un astronomeschen, fotografeschen an anere wëssenschaftlechen Instrumenter gemaach.

De Brooks war staark un der Astronomie intresséiert. Am Alter vu 14 Joer baut hie säin éischten Teleskop. 1870 zitt hien no Phelps, New York, a grënnt do am Joer 1874 d'„Redhouse-Observatoire“. De Brooks spezialiséiert sech op d'Entdeckung vu Koméiten. Tëscht 1885 an 1886 entdeckt hiem fënnef Koméiten an néng Méint. 1888 geet hien no Geneva, New York, a schafft do um “Smith-Observatoire“.

Am Ganzen entdeckt de Brooks 13 Koméiten, dorënner de periodeschen 12P/Pons-Brooks an de 16P/Brooks 2, souwéi den opfällege Koméit C/1911 O1 (Brooks). Fir seng Leeschtunge krut hien e ganze Koup Auszeechnungen a gouf an d'brittesch Royal Astronomical Society opgeholl. Nieft astronomesche Wierker publizéiert hie Gedichter, wéi Milton an The Pilgrim of Lavergne, déi zu senger Zäit eng grouss Verbreedung fonnt hunn.