Willibrorduslannen zu Laaschent

Vu Wikipedia

Déi zwou Willibrorduslannen, déi zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gehéieren, si Summerlannen (Tilia platyphyllos Scop.; fr: tilleul à larges feuilles; de: Sommerlinde), a si sti virun der Kierch zu Laaschent, op engem Hiwel iwwer dem Duerf.

Et gëtt erzielt, datt den Hellege Willibrord déi zwou Lannen op enger vu senge Missiounsreese geplanzt huet, dohier hiren Numm. Well den Alter vun de Lannen op 'nëmmen' eppes méi wéi 250 Joer geschat gëtt, gehéiert dës Geschicht an de Beräich vun de Legenden.

D'Lann iwwer der lénkser Trap déi bei d'Kierch féiert, huet zwou opfälleg Charakteristiken: op enger Héicht vun 1,50 m huet si e prononcéierte Bourrelet, an hir verwurrelt Wuerzele verlafen zum Deel iwwer dem Buedem.

D'Kierch ass dem Hellege Vältes geweit. Hiren ursprénglechen Alter ass onbekannt, awer hir Plaz op engem Hiwwel an och d'Legend mam Willibrord loossen drop schléissen, datt op där Plaz eemol e ganz aalt Hellegtum stoung.

Schonn 1883 huet de Jean-Nicolas Moes déi zwou Lanne bewonnert, an zugläich festgestallt, datt si an engem schlechten Zoustand waren[1]. Ëm 2000 goufen d'Krounen zeréckgeschnidden, dëst awer op eng onprofessionell Manéier.

Ëm 2000 goufe follgend Moosse vun der Lann op der Nord- respektiv der Südsäit geholl: Duerchmiesser (op Broschthéicht) 1,00 m respektiv 0,95 m; Héicht 14 m respektiv 12 m.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Moes, Jean-Nicolas, 1883. Fragekasten: Merkwürdige Bäume in unserem Lande. Das Luxemburger Land, fascicule 34 - page 464.
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, Lëtzebuerg. 167 S. (Cf. S. 90-91, Text a Foto).
  • Sinner, J. et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 116-117, Text a Foto).

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Cf. Moes 1883 an der Literaturlëscht, wou Follgendes steet:
    Im XIII. Band der Publications, Seite 98 lese ich in einem Aufsatz des Hrn. Pfarrers Harpes über die Pfarre Brandenburg:
    "Vor der Kapelle zu Landscheid stehen zwei sehr alte, dickstämmige Linden. Wann und durch wen sie gepflanzt worden sind, läßt sich nicht ermitteln. Sie mögen ein Alter von mehreren Jahrhunderten haben und sind bereits abgängig."
    Es wäre erwünscht, wenn einer unserer verehrten Mitarbeiter oder freundlicher Leser Näheres über fragliche Linden mittheilen könnte. Existiren dieselben noch heute ? Wenn ja, welchen Umfang und welche ungefähre Höhe haben sie ? Was erzählt das Volk sich über deren Ursprung ? Knüpfen sich keine Sagen an dieselben ? Hängt das Pflanzen derselben vielleicht mit dem Bau der Kapelle zusammen ? Alle diesbezüglichen Mittheilungen finden sofortige Aufnahme. J. N. Moes.