Windsor Schlass

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer eng Buerg oder e Schlass ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Loftbild vum Schlass zu Windsor

D'Windsor Schlass (engl. Windsor Castle) ass zesumme mam Buckingham Palace zu London an dem Holyrood Palace zu Edinburgh eng vun den offizielle Residenze vum Brittesche Kinnekshaus. D'Schlass läit zu Windsor, am Dall vun der Themse am Weste vu London.

D'Queen Elizabeth II verbréngt vill vun hire Weekenden an dësem Schlass a benotzt et gläichzäiteg fir privat an offiziell Zwecker.
Seng Geschicht geet zeréck op de William den Eruewerer (William the Conqueror). Windsor Castle ass dat eelst a gréisst bewunnte Schlass op der Welt.

Déi meescht englesch Kinneken a Kinniginnen hunn zur Konstruktioun an dem Ausbau vum Schlass bäigedroen. Et hat am Laf vun der Zäit all Funktiounen, déi vun enger Garnisoun, enger Festung, enger Wunneng, engem offizielle Palais, an zäitweis och déi vun engem Prisong.

Plang vum Schlass[änneren | Quelltext änneren]

Plang vum Windsor Schlass. Déi rout Buschtawe vun dësem Plang verweisen op d'Lag vun de verschiddene Gebaideeler.
De Ronnen Tuerm vum Schlass
D'Windsor Schlass vu vir
Um Wee zum Haaptagank

Am Laf vu senger dausendjäreger Geschicht huet sech am Schlass villes verännert, wéinst de verschiddene Besoinen, Wënsch a finanzielle Mëttele vun de successive Schlasshären. D'Schlass huet haut z. B. säi Schwéierpunkt um opgeworfenen Hiwwel ("A" um Plang), do wou de William den Eruewerer säin éischt Schlass aus Holz gebaut hat.

Bedeitung vun den Zeechen am Plang niewendrun[änneren | Quelltext änneren]

  • A: De ronnen Tuerm
  • B: Den ieweschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • C: D'Staatsappartementer
  • D: D'privat Appartementer
  • E: Südleche Fligel
  • F: Ënneschte Schlassdeel a Schlasshaff
  • G: St. George's Kapell
  • H: Horseshoe Cloister
  • L: The Long Walk
  • K: King Henry VIII Gate (Haaptentrée)
  • M: Norman Gate (Paart)
  • N: North Terrace
  • O: Edward III Tuerm
  • T: Den Zapestreechtuerm

Neizäit[änneren | Quelltext änneren]

Den 20. November 1992 ass am Windsor Schlass e Feier ausgebrach, dat 15 Stonne gedauert, a vill Schued gemaach huet. Fënnef Joer laang ass do geschafft a restauréiert ginn, fir den Haaptschued ze behiewen. An de Joren duerno huet d'Kinnigin d'Schlass ëmmer méi fir offiziell a privat Zwecker benotzt.

D'Schlass ass fir Visitten op an zitt als grouss Attraktioun Joer fir Joer vill Touristen un.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Windsor Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien