Winnie-the-Pooh

Vu Wikipedia
Winnie-the-Pooh- White River, Ontario

De Winnie-the-Pooh ass e klenge Bier, deen d'Haaptfigur an dem Kannerbuch Winnie-the-Pooh vum englesche Schrëftsteller A. A. Milne (1882-1956) ass, dat de 14. Oktober 1926 zu London am Methuen-Verlag mat Illustratioune vum Ernest H. Shepard (1879-1976) an 1. Oplo erauskomm ass. Déi éischt amerikanesch Oplo koum e puer Deeg duerno, den 21. Oktober 1926, zu New York eraus.

D'Helde vum Buch sinn nieft dem Winnie-the-Pooh: de Christopher Robin, de klenge Jong vum Auteur, d'Kanéngche Rabbit, d'Fierkel Piglet, den Iesel Eeyore, d'Eil Owl, d'Kängurusmamm Kanga an hire Kléngen, de Roo. D'Geschichten aus dem Buch spille sech am Hundred Acre Wood of.

1928 huet den A. A. Milne eng Fortsetzung mam Titel The House at Pooh Corner erausbruecht. Hei ass als nei Figur den Tiger Tigger opgedaucht.

Déi béid Bicher si weltwäit milliounemol verkaf an a vill Sproochen an och Dialekter iwwersat ginn. Eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch ass vum Henry Wickens, engem Englänner, deen zu Waldbëlleg wunnt, gemaach ginn an zu Esch-Sauer am Verlag Op der Lay erauskomm: Winni-Pu am Joer 2000 an éischter an 2001 an zweeter Oplo; D'Haus um Pu-Eck am Joer 2000. Den Iwwersetzer huet fir d'Helde vun der Geschicht och déi entspriechend lëtzebuergesch Nimm erfonnt: Winni-Pu oder einfach Pu, Christophe Robin (Christopher Robin), Kanéngchen (Rabbit), Tinnchen (Piglet), Iih-Aah (Eeyore), Eil (Owl), Kängu (Kanga), Ru (Roo) an Tigger (Tigger). Den Hundred Acre Wood ass de Véierzeg-Hektar-Bësch ginn.

De Winni-Pu a seng Frënn an e puer Sproochen:

Englesch Lëtzebuergesch Däitsch Franséisch Hollännesch Latäin Jiddesch
Winnie-the-Pooh Winni-Pu Pu der Bär (Winnie Pu) Winnie l'Ourson Winnie de Poeh Winnie ille Pu Vini-der-Pu (Pu Ber)
Christopher Robin Christophe Robin Christopher Robin Jean-Christophe Janneman Robinson Christophorus Robinus Kristofer Robin
Rabbit Kanéngchen Kaninchen Coco Lapin Konijn Lepus Kinigl
Piglet Tinnchen Ferkel Porcinet Knorretje Porcellus Khazerl
Eeyore Iih-Aah I-Aah Bourriquet Iejoor Ior Iya
Owl Eil Eule Maître Hibou Uil Bubo Sove
Kanga Kängu Känga Grand Gourou Kanga Canga Kangu
Roo Ru Klein-Ruh Petit Gourou Roe Ru Ru
Tigger Tigger Tiger Tigrou Teigetje - -

1961 huet Walt Disney d'Filmrechter fir d'Winnie-the-Pooh-Geschichte kaaft, an 1966 hunn d'Disney-Studioen en éischte KuerzfilmWinnie-the-Pooh and the Hunny Tree – erausbruecht, duerno Winnie-the-Pooh and the Blustery Day (1968) an nach vill anerer.

Am Joer 2009 ass simultan zu London an zu New York e weidert Buch mat Aventurë vum Winnie-the-Pooh mam Titel Return to the Hundred Acre Wood erauskomm, vum David Benedictus am Stil vum Milne geschriwwen a vum Mark Burgess am Stil vum Shepard illustréiert. An Däitschland ass et och 2009 als Pu der Bär: Rückkehr in den Hundertsechzig-Morgen-Wald (iwwersat vom Harry Rowohlt) publizéiert ginn.[1]

Pooh-Bicher[änneren | Quelltext änneren]

  • Milne, A.A., 1926. Winnie-the-Pooh, by A.A. Milne with decorations by E.H. Shepard. Methuen & Co. Ltd., 36 Essex Street, London W.C. First published in 1926. Printed in Great Britain. XI-159 p. Printed by Jarrold and Sons Ltd., Norwich.
  • Milne, A.A., 1928. The House at Pooh Corner, by A.A. Milne with decorations by E.H. Shepard. Methuen & Co. Ltd., 36 Essex Street, London W.C. First published in 1928. Printed in Great Britain. XI-178 p. Printed by Jarrold and Sons Ltd., Norwich.
  • Milne, A.A., 2001. Winni-Pu mat Zeechnunge vum E.H. Shepard. Lëtzebuergesch vum Henry Wickens. 1. Oplo. Op der Lay, [Esch-Sauer], 171 S. (Op der Lay 521 erausgin vum Robert Gollo Steffen). [2. Oplo: 2001].
  • Milne, A.A., 2000. D'Haus um Pu-Eck mat Zeechnunge vum E.H. Shepard. Lëtzebuergesch vum Henry Wickens. 1. Oplo. Op der Lay, Esch-Sauer, 192 S. (Op der Lay 522 erausgin vum Robert Gollo Steffen.)
  • Benedictus, D., 2009. Return to the Hundred Acre Wood in which Winnie-the-Pooh enjoys further adventures with Christopher Robin and his friends. By David Benedictus, based upon the Pooh stories by A.A. Milne, with decorations by Mark Burgess in the style of E.H. Shepard. First edition. Egmont UK Limited, London, 201 S.
  • Benedictus, D., 2009. Return to the Hundred Acre Wood. Decorations by Mark Burgess. In the tradition of A.A. Milne & Ernest Shepard. Published in the United States by Dutton Children's Books, a division of Penguin Young Readers Group, New York. First Edition, 201 S.
  • Benedictus, D., 2009. Pu der Bär. Rückkehr in den Hundertsechzig-Morgen-Wald. Aus dem Englischen von Harry Rowohlt. Cecilie Dressler Verlag, Hamburg, 208 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Finch, C., 2000. Disney’s Winnie the Pooh. A Celebration of The Silly Old Bear. New York, Disney Éditions, 176 S.
  • Massard, J.A., 2006. Vom Armee-Maskottchen zum Kinderbuch-Helden: Winnie-the-Pooh feiert 80. Geburtstag! In: Lëtzebuerger Journal 2006, Nr. 199 (14./15. Oktober), S. 22-23. [1]
  • Peterson, M., 2006. Das große Winnie Puuh Buch. München, Egmont Franz Schneider Verlag, 352 S. [Originaltitel: The Little Big Book of Pooh. Disney Éditions, 2002]
  • Thwaite, A., 1992. The Brilliant Career of Winnie-the-Pooh. The story of A. A. Milne and his writing for children. London, Methuen, 192 S.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kuck d'Bespriechung: “Pu der Bär” ist wieder da: Renaissance eines Klassikers. Luxemburger Wort, 7. Oktober 2009, S. 16.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Winnie-the-Pooh – Biller, Videoen oder Audiodateien