Witali Lasarewitsch Ginsburg
Op d'Navigatioun wiesselen
Op d'Siche wiesselen
De Witali Lasarewitsch Ginsburg (ru.: Виталий Лазаревич Гинзбург), gebuer den 21. Septemberjul./ 4. Oktober 1916greg. zu Moskau an do gestuerwen den 8. November 2009, war e russesche Physiker.
Hien huet 2003, zesumme mam Alexei Alexejewitsch Abrikossow an dem Anthony James Leggett, fir d'Erfuersche vu Supraleeder, den Nobelpräis fir Physik kritt.
Zesumme mam Andrei Sacharow huet hien am Igor Tamm senger Grupp un der sowjetescher Waasserstoffbomm geschafft. Hie war Member vun der Akademie vun de Wësseschaften a gouf 1971 Direkter vum Lebedew-Institut, eng Plaz, déi hie bis 1988 hat.
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Vitaly Ginzburg – Biller, Videoen oder Audiodateien |