Wladimir Semjonowitsch Wyssozki
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Wladimir Semjonowitsch Wyssozki | |
|---|---|
|
| |
| Gebuer |
25. Januar 1938 Moskau |
| Gestuerwen |
25. Juli 1980 Moskau |
| Doudesursaach | Häerzschlag |
| Nationalitéit | UdSSR |
| Educatioun | Moskauer Theaterschoul |
| Aktivitéit | Dichter, Schrëftsteller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Singer-Songwriter, Gittarist, Liddertexter, Komponist, Dréibuchauteur, Liddermécher, Prosaist, Schauspiller, Sänger |
| Gielercher | Staatspräis vun der UdSSR |
| Famill | |
| Bestuet mat |
Isolda Wyssozkaja (1.1.1960–), Marina Vlady (1.12.1970–25.7.1980), Ljudmila Wladimirowna Abramowa (25.7.1965–10.2.1970) |
| Liewenspartner(in) | Oxana Pawlowna Jarmolnik |
| Kanner | Nikita Vysotskiy |
|
| |
De Wladimir Semjonowitsch Wyssozki (op Russesch: Владимир Семёнович Высоцкий), gebuer de 25. Januar 1938 zu Moskau, an och do gestuerwen de 25. Juli 1980, war e russesche Singer-Songwriter, Dichter an Theater- a Filmschauspiller[1][2].
Hien huet seng Theatercarrière 1960 ugefaangen[3], a säin Debut beim Film war am Joer 1959. Fir seng Roll am Film Plochoi choroschi tschelowek krut hien 1974 de Präis als beschte Schauspiller am Taormina Film Fest (IT)[4].
Allerdéngs hat de Wyssozki, dee Siwesäitegittar ("russesch Gittar") gespillt huet, méi Succès als Sänger, Dichter a Museker. Hie war e ganz beléifte Kënschtler an der Sowjetunioun, a war an ass Kultfigur an der lokaler Musekszeen. Vill vu senge Lidder goufen Zäit senges Liewens zenséiert[2]. Awer 1987 war hie posthum Laureat vum Staatspräis vun der UdSSR[3].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ https://www.allmovie.com/artist/p181746
- 1 2 https://www.allmusic.com/artist/vladimir-vysotsky-mn0000722273/biography
- 1 2 Archive copy Archivéiert den 01.04.2017. Gekuckt de 26.01.2018.
- ↑ http://www.imdb.com/name/nm0904584/awards?ref_=nm_awd
