Wollefsmudder vum Kapitol
|
| |
| Typ | Skulptur |
|---|---|
| Land | Italien |
| Plaz | Muséeë vum Kapitol |
| Koordinaten | 41°53'36"N, 12°29'1"O |
| Héicht | 75 cm |
| Material | Bronze |
| Kënschtler | onbekannt |
|
| |
D'Wollefsmudder vum Kapitol (it: Lupa Capitolina) ass eng 75 cm héich an 114 cm laang Skulptur aus Bronze vun engem Wollefsweibchen, dat zwee kleng Mënschekanner niert.
Et handelt sech ëm eng Zeen aus der Legend vun der Grënnung vu Roum. D'Kanner, déi vum Wollef geniert ginn, sinn de Romulus an de Remus, d'Zwillingen, déi Roum solle gegrënnt hunn. Der Legend no wier de Kinnek Numitor, hire Grousspapp, vum Amulius zu Alba Longa gestierzt ginn, an den Usurpator hätt den Uerder ginn, d'Kanner an den Tiber ze geheien. Mä eng Wollefsmudder hätt se vun do gerett a geniert, bis se vun engem Schéifer, dem Faustulus, fonnt a groussgezillt goufen.
Der allgemenger Opfaassung no ass d'Wollefsfigur aus der Zäit vun den Etrusker (5. Joerhonnert v. Chr.), iwwerdeems déi zwou Kannerfiguren am spéide 15. Joerhonnert, an der Renaissancezäit derbäigesat goufen, a warscheinlech vum Antonio del Pollaiuolo geschaf goufen. Allerdéngs sinn eenzel Radiocarbon- an Thermolumineszenz-Analysen aus dem 21. Joerhonnert zu der Konklusioun komm, datt d'Wollefsfigur tëscht 1021 an 1153 gemaach gi wier. Déi ass awer kontestéiert an den allgemenge Konsens tendéiert nach ëmmer zu der Etruskerzäit.
D'Bild vun der Wollefsmudder déi de Romulus an de Remus niert, ass zanter der Antikitéit e Symbol fir Roum an eng vun de bekanntste Symbolfigure vun der Antikitéit.
Zanter 1471 steet s'am Palazzo dei Conservatori um Campidoglio (dem ale Kapitolhiwwel) zu Roum.
Replicken dovu sinn der eng jett ronderëm d'Welt doruechter ze fannen. Zu Lëtzebuerg war et ee vun de Logoe vun der Zentral-Molkerei (den anere war eng Kou) an duerno bis Enn der 1970er Jore vun der Luxlait, wou en no der Fusioun mat der Celula a mat der Laduno verschwonnen ass.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wollefsmudder vum Kapitol – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Réimescht Räich – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Réimescht Räich. |
