Wonder Woman

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipediacritèrë fir en enzyklopedeschen Artikel. Dat kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipediaartikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.
Wonder Woman
240px
Ass en(g) Superheld, Comicfigur, animéiert Figur, Televisiounsfigur
Geschlecht weiblech
Aktivitéit Diplomat, Superheld, Sekretär, Infirmier, Militär, Astronaut, Kampfsportler
Ausgesinn
Hoerfaarf schwaarz
Aefaarf blo
Famill
Liewenspartner(in) Batman
Universum
Present am Wonder Woman
Produktiounsland USA
Wikidata-logo-without-paddings.svg

D'Wonder Woman ass eng Superheldin aus der Comic book-Serie mam selwechten Numm vun DC Comics. Si hat hiren éischten Optrëtt 1941 a war zu där Zäit eng vun den éischte Superheldinnen an ass bis haut déi bekanntst vun hinne bliwwen. Wonder Woman ass e Member vun der Justice League, a gehéiert zu der Amazonasbevëlkerung. Dem Personnage seng Heemecht ass d'Insel Themyscira an hiren offiziellen Titel op der Insel ass Prinzessin Diana vun Themyscira. Hatt ass d'Duechter vun der Hippolyta, der Kinnigin vun Themyscira. Hiren drëtten Numm Diana Prince benotzt hatt am Ausland.

Der Wonder Woman hir Geschicht erzielt, datt hatt vun hirer Mamm, Hippolyta, aus Leem geschaf gouf. Zousätzlech krut hatt vun de griichesche Gëtter eng Rei vu iwwernatierlech Spezialfäegkeeten a Geschenker. DC Comics huet an de leschte Joren hir Hannergrondgeschicht verännert an zwar datt hatt d'Duechter vum Zeus an der Hippolyta ass. D'Wonder Woman gouf zesumme mat hirer Mamm a mat hir Tattaen, d’Antiope a d’Menalippe, groussgezunn. Hatt huet en Iwwerfloss vun der modernster Technologie, dorënner de mageschen Lasso vun der Wourecht, e puer Braceleten déi net zerstéiert kenne ginn an kugelsécher sinn, eng Kroun déi als Projektil dient an eng Rei vu Apparater baséiert op Amazonien Technologie.

Wonder Woman gouf vum amerikanesche Psycholog a Schrëftsteller William Moulton Marston a vum Kënschtler Harry G. Peter geschaf. Dem William Moulton Marston seng Fra, d'Elizabeth Holloway Marston, a seng Liewenspartnerin, d'Olive Byrne, waren d'Inspiratioun fir d'Wonder Woman. Fréier Feministen haten e groussen Afloss op de Personnage, a virun allem d'Margaret Sanger.

Historesch gesi gouf de Personnage vum Wonder Woman während dem Zweete Weltkrich geschaf. An der Geschicht huet hatt ursprénglech géint Axis militäresch Kräfte gekämpft awer och géint vill "Supervillains". Der Wonder Woman hir Aventuren hunn och vill mat Personnagen aus der griichescher Mythologie ze dinn. D'Wonder Woman huet huet mat deenen Aventure bewisen, datt hatt net eng Dam an Nout ass, wéi een dovunner ausgaangen ass an den 1940er Joren. Doduerch huet sech d'Wonder Woman am Ufank vill Feinde gemaach wéi den Ares, den Doctor Poison, den Circe, den Dokter Psycho an d’Giganta, zum Beispill.

Ausserhalb vun de BDen goufen hir Aventuren och op der Televisioun adaptéiert. D'Lynda Carter huet d'Wonder Woman gespillt an d'Serie ass an de 1970er Jore bekannt ginn. Zousätzlech, schéngt Wonder Woman an der Cartoon Serie vun den DC Comics an de 1970er an 1980er awer och an nom Joer 2000. Endlech, erschéngt d’Wonder Woman och an den Filmer vum DC Universum.[1][2]

Perséinlechkeet[änneren | Quelltext änneren]

Wonder Woman ass zweedeiteg a representéiert villes awer den Charakter ass zemols wichteg am Kontext wou et geschaf gouf an zwar, wärend engem Krich wou d’Männer d’Haaptschauspiller waren an d’Welt voller Has an Doud war. Wonder Woman steet fir genau de Géigendeel vun deem Ganzen. An esou enger Welt representéiert Wonder Woman Integritéit, Humanitéit, Léift mee och Stäerkt, Wourecht a Fridden. Hatt ass d’Bild vun enger Amazonierin wou fir d’Gerechtegkeet kämpft mat Fäegkeeten déi all Mënsch iwwertrefft op der Welt. Wonder Woman ass d’perfekt Mëschung vu Kraaft a Matgefill, et ass en Charakter wou sensibel ass mee och keng Angscht huet.

Diana ass feminin awer och nach villes méi. Et ass esou schéi wéi d’Gëttin vun der Schéinheet Aphrodite an esou schlau a begaabt wéi d’Athena, Gëttin vun der Wäisheet a vum Kampf. Den Charakter gëtt net nëmmen als Prinzessin mee och als Wonder Woman an als Diana Prince respektéiert. Wonder Woman ass staark an gëtt an all Kampf hire Bescht mee hatt ass och eng Diplomatin wou léiwer Konflikter mat Wierder léist well dem Diana Fridden am wichtegsten ass. Hatt ass am Kader vun der Justice League, gläichzäiteg daper a léif. D’Wonder Woman kann dofir mat all Superheld mathalen, duerch hire jorelaangen Training, hir speziell Fäegkeeten an Experienz wann et drëms geet géint dat Béisst op der Welt ze bekämpfen. Wonder Woman] ass einfach en Charakter wou onmoosseg vill u Léift an un d’Mënschheet gleeft an wou all Entscheedung mat engem gudde Gewëssen trefft. Wonder Woman ass en Idealist wou zimlech selbstsécher ass, wou éierlech an emotional intelligent ass. Diana kämpft awer och fir d’Gerechtegkeet an akzeptéiert ni eng Belounung fir dat wat et erreecht, och wann et heiansdo, wann et muss sinn an et keng aner Alternative gëtt, och mol e Konflikt fatal beäerdegt. Wonder Woman ass dofir fir vill Fraen an Meedercher en Charakter mat deem een sech identifizéieren kann well et sou e sympatheschen Personnage ass wou zum Idol fir vill Leit ginn ass.

Fäegkeeten[änneren | Quelltext änneren]

D'Diana besetzt vill verschidde Fäegkeeten. D’Wonder Woman ass en Athlet, en Akrobat, eng Kämpferin an ass strategesch. Hatt gouf ausgebilt a villen antike a moderne Formen vu bewaffnetem an onarmten Kampf, awer och an amazonëscher Kampfkonscht. Vun Ufank u gëtt Diana als héich qualifizéiert Kämpferin bezeechent wann hatt hir Bracelete benotzt fir Kugelen ze stoppen sou wéi och hire gëllene Lasso vun der Wourecht. Déi modern Versioun vum Charakter ass bekannt dofir datt hatt fatal Kraaft och heiansdo benotzt, wann et wierklech néideg ass. Duerch hiren Training mat den Amanzonen awer och nach duerch weider Training vum Ares, de Krichsgott, zanter hirer Kandheet, ass d’Wonder Woman eng exzellent Kämpferin ginn. [3]

Perséinlech Rüstung[änneren | Quelltext änneren]

Der Wonder Woman hire Gezei huet sech vill mat der Zäit verännert, well hire Gezei sech un d’Zäit upasst, obwuel d’Diana bal ëmmer eng Rüstung oder e Bustier unhuet wou hiren Uewerkierper schützt, eng Kroun, Braceleten, Lasso, Stiwwelen an e Schwäert. D’Wonder Woman, genau sou wéi den Captain America bei de Marvel Comics, gouf ufanks zemools fir d’Amerikaner erfonnt während dem Zweete Weltkrich, an duerfir, wou d’Wonder Woman als éischt virgestallt gouf, war hatt patriotesch gekleet an hire Gezei ass duerfir och voller amerikaneschem Symbolismus. De ganzen Charakter ass ëm Propaganda baséiert fir d’Vereenegte Staaten vun Amerika wärend dem Zweete Weltkrich. Ufanks gouf hire ganzt Kleed vum US-Fändel inspiréiert, mat engem US-amerikaneschen Adler an Stären, sou wéi och d’Faarwen rout, blo a wäiss. Oft huet et och eng Gladiator Jupe un wou u hir Roll als Kämpferin erënneren soll.

An de Medien[änneren | Quelltext änneren]

The New Adventures of Wonder Woman[änneren | Quelltext änneren]

Wärend 60 Folge spillt Schauspillerin Lynda Carter d’Wonder Woman zwëschen 1976 a 1979. D’Serie heescht “The New Adventures of Wonder Woman”.

Wonder Woman (Film 2017)[änneren | Quelltext änneren]

An 2017 koum een Film iwwer Wonder Woman vun DC Entertainment eraus wou en Film voller Action an Abenteuer ass. Patty Jenkins war den Direkter vum Film an Gal Gadot, eng israelesch Schauspillerin a Modell spillt Wonder Woman. De Film erzielt eis Geschicht vum Wonder Woman, wéi hatt geschaf gouf a wéi hatt zu enger Kämpferin ginn ass. Et gesäit een Themyscira an all d’Amazonien. D’Geschicht baséiert sech och ëm den Éischte Weltkrich a wéi Wonder Woman d'Welt rett andeems et de Krichsgott, Ares, besiegt mat der Hëllef vum Steve Trevor, en US Pilot Kapitän, dee vum Chris Pine gespillt gëtt.[4]

Misogynie[änneren | Quelltext änneren]

Obwuel d'Wonder Woman als e positiivt Virbild vun engem staarke weiblechen Charakter fir Meedercher an Jongen, huet Wonder Woman sech ufanks awer misse mat Misogynie beschäftegen. Mat deem Problem gëtt een all Dag an der Comicbuch Industrie konfrontéiert. Zum Beispill, obwuel, d'Wonder Woman e Grënner vun der "Justice Society of America" war an genau esou, wann net mei staark a mächteg, wéi déi aner Memberen ass, war der Wonder Woman hir Roll ufanks dat vun der Sekretärin. Zousätzlech huet d’Wonder Woman och nach hir Muecht verluer an gouf wärend de meeschten Aventuren ageholl. Wärend de 1950er an de 1960er huet sech d’Wonder Woman och reegelméisseg vill domadder beschäftegt an de Steve Trevor verléift ze sinn.

Bisexualitéit[änneren | Quelltext änneren]

Greg Rucka, en amerikaneschen BD Auteur wou och fir DC Comics schafft, huet an 2016 offiziell annoncéiert, datt d’Wonder Woman bisexuell ass. Fir hien ass dës Informatioun keng Iwwerraschung wann een d’Geschicht vun der Hierkonft vum Wonder Woman kennt, also datt hatt vun der Insel Themyscira kennt wou nëmmen Fraen liewen. Hatt ass eng Fra, déi d'Leit gär huet fir wien si sinn a hir Kultur kennt Limiten vun der Heteronormativitéit net, sou datt se e ganz anert Konzept vun Geschlechter Rollen zu Themyscira hunn. Dës nei Informatioun ass zemools wichteg fir DC Comics wou probéiert méi Diversitéit an hiren Comic Universum ze bréngen an deem se méi LGBT Charakteren bäifügen.[5]

Feministesch Ikon[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech sollt Wonder Woman all Fra vun all Alter beaflossen, duerch hir kierperlech a mental Stäerkt, hir Wäerter an ethesch Attributer. Wonder Woman symboliséiert vill vun de weiblech Wäerter, wéi Kraaft a Selbstvertrauen fir Fraen, Schwësterheet a géigesäiteg Ënnerstëtzung tëschent Fraen, Respekt fir d’Mënschheet, manner männlech Aggressioun an och de Glawe, datt d’Gewalt net déi eenzeg Manéier fir Konflikter ze léisen ass.

Ufanks war et fir de William Moulton Marston]] wichteg datt Wonder Woman e feministeschen Charakter gëtt, deen edukativ an ethesch ass fir de jonke Jongen d'illimitabel Méiglechkeeten vun enger Fra ze weisen, déi genee esou staark kann sinn wéi de berühmte Superman. Mee d’Wonder Woman ass net nëmmen dat, mee och e Symbol fir feminin sexuell Fräiheet. Diana ass e Zweet Weltkrich Veteran, eng feministesch Ikon mee och en Sex-Symbol wou hir eegen Sensualitéit feiert.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://en.wikipedia.org/wiki/Wonder_Woman
  2. https://www.ducksters.com/biography/wonder_woman.php
  3. https://www.dccomics.com/characters/wonder-woman
  4. https://www.warnerbros.com/wonder-woman
  5. https://www.huffingtonpost.ca/2016/09/30/wonder-woman-bisexual_n_12265652.html?ec_carp=9096309322303814383&guccounter=1&guce_referrer_us=aHR0cHM6Ly9mci53aWtpcGVkaWEub3JnLw&guce_referrer_cs=VuxKsEKrJE983vMxfA3Fkg