Workuta

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Workuta
Land Russland
Federatiounskrees Nordwestrussland
Status Republik
Regioun Komi
Gegrënnt 1936
Awunner 52.292 (2021)
Fläch 30
Koordinaten 67°30'N, 64°2'O
Zäitzon UTC+3
Telefonszon 82151
Postcode 169900
Websäit http://www.воркута.рф


Workuta (op Russesch: Воркута, op Komi-Sprooch: Вӧркута, op Nenzesch: Варкута) ass eng Stad an der Republik Komi am Nordwestrussesche Federatiounskrees a Russland. Se läit um nërdleche Polarkrees, um Floss Workuta.

Et ass de Verwaltungszentrum vum Stadkrees Workuta an huet 70.548 Awunner (Stand 14. Oktober 2010).[1] Workuta huet eng Fläch vun zirka 30 km².

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

1930 goufe Kuelefelder an der Géigend vum Floss Workuta entdeckt. D'Joer drop gouf e Gulag opgeriicht, dee sech mat der Zäit zum gréissten am europäeschen Deel vu Russland entwéckelt huet. Workuta selwer gouf 1936 als Biergbauduerf gegrënnt. Am November 1943 krut et d'Stadrechter.[2] Am Summer 1953, kuerz nom Stalin sengem Doud, koum et am Gulag zu engem Opstand, dee bluddeg néiergeschloe gouf. D'Aarbechtslager huet nach op d'mannst bis 1960 weider existéiert, am Ganze ware bal zwou Millioune Leit bis dohin duerch d'Lager gaangen. Enn vun den 1990er Joren hunn déi meescht Kueleminnen hir Dieren zoumaache missen, well d'Exploitatiounskäschten ze héich waren.

Fotosalbum vun der Stad[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Workuta – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Всероссийская перепись населения 2010 года. Численность населения городских округов, муниципальных районов, поселений и населённых пунктов.
  2. http://federacia.ru/encyclopaedia/city/vorkuta/