Wued
Ausgesinn

D'Wued (op Latäin: Sura) ass en Deel vum ënneschte Bee vum mënschleche Kierper a vum Kierper vu ville Wierbeldéieren. Et ass den hënneschten Deel vum ënneschte Been.[1]
D'Wued am mënschleche Kierper
[änneren | Quelltext änneren]Den Haaptmuskel an der Wued, de Musculus triceps surae, ass e Skelettmuskel. En ass iwwer d'Achillesseen mat der Feescht vum Fouss verbonnen. Et gëtt awer och nach aner, méi kleng Muskelen, déi mam Knéi, dem Knéchel an iwwer laang Seene mat den Zéiwe verbonne sinn.
D'Haaptfunktioun vun der Wuedemuskulatur ass d'Plantarflexioun vum Fouss, also d'Béie vum Fouss oder den Zéiwen a Richtung vun der Fousssuel. Dat spillt eng zentral Roll beim Goen. Si wierken awer och beim Dréie vum Foussgelenk mat.[2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Wued – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ (de) Wade. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.
- ↑ (de) Musculus triceps surae. DocCheck Flexikon. Gekuckt den 31. Juli 2025.