Wues

Vu Wikipedia
E frëscht geméite Wues
Automatiséiert Nätze vum Wues am Stadion vu Lëtzebuerg

Wues ass eng anthropogen Vegetatiounskusch aus Grieser déi iwwert d'Wuerzele mam Buedem verbonne sinn. E gëtt mat ausgewielte Somzorten an enger héijer Dicht geséit an duerno an de Wuesstemsperiode reegelméisseg geméit, gemenkerhand genat a gedüngt fir en dicht ze halen.

De Wues läit prinzipiell am Beräich vun de mënschleche Siidlungen a gëtt net landwirtschaftlech genotzt. Et fënnt ee Wues a Gäert, Parken oder op Sportsanlagen wéi z.B. op Foussballs-, Golf- oder Tennisterrainen.

Op verschiddene Sportsterraine gëtt amplaz vum natierlechen, dacks syntheetesche Wues gebraucht.

Grasflächen déi seele geméit ginn an déi dowéinst méi héich wuessen, ginn als Wiss bezeechent.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wues – Biller, Videoen oder Audiodateien