Wäiss Iernz

Vu Wikipedia
Wäiss Iernz
D'Wäiss Iernz zu Iermsdref
An anere Sproochen fr: Ernz Blanche
de: Weiße Ernz
Längt 27,6 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummefloss vu Réngelbaach
a Schetzelbaach
Plaz südëstlech vun Eesebuer
Héicht 319 m
Koordinaten 49° 41’ 00.2’’ N
      6° 10’ 44.7’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Sauer
Plaz Reisduerf
Héicht 180 m
Koordinaten 49° 52’ 10.3’’ N
      06° 15’ 58.6’’ O
Haaptnieweflëss Kriibsebaach, Iernzerbaach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Amber, Iernzen, Fiels, Miedernach
D'Wäiss Iernz bei der Franckemillen. Dëst Wier gouf ofgerappt.

D'Wäiss Iernz (lokal: Wäiss Erenz, Wäiss Ernz[1]), och Ärenz[2], Ierënz oder Äernz genannt, ass e Floss zu Lëtzebuerg.

Si entsteet aus dem Zesummefloss vun der Réngelbaach an der Schetzelbaach, um Bord vum Gréngewald op enger Héicht vun 319 Meter um Flouer Fréinland eng ronn 1000 Meter südlech vun Eesebuer.

Vun do aus leeft se Richtung Norden duerch oder laanscht d'Uertschaften:

Niewebaachen[änneren | Quelltext änneren]

  • Riets
  • eng Baach déi aus dem Deiwendall kënnt
  • eng Baach déi vum Entersbierg kënnt
  • eng Baach déi aus der Buerg kënnt
  • Wisbech
  • eng Baach déi vu Kitzebur kënnt
  • Leidebaach
  • eng Baach déi aus Waatschent kënnt
  • Kriibsebaach
  • Aalebaach
  • zwou Baachen déi vum Goberhaff kommen

D'Wäiss Iernz zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[3].

Renaturéierung tëschent Kéideng an Iernzen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 2010 bis 2017 – mat enger Ënnerbriechung vun 2011-2014 – gouf d'Wäiss Iernz tëscht Kéideng an der Supp bei Iernzen op enger Längt vu 5 Kilometer renaturéiert, woubäi d'Baach an hiert natierlecht Bett zeréckgeluecht a méi breet gemaach gouf. Gläichzäiteg gouf en Deel vun der Vëlospist PC5 am Dall ugeluecht, déi 2017 opgaangen ass. D'Renaturéierungsaarbechte goufe vun de Ponts et chaussées an de Gemenge Fiels, Hiefenech a Fëschbech an Zesummenaarbecht mat der Natur- a Bëschverwaltung an dem Waasserwirtschaftsamt realiséiert.[4],[5]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Wäiss Iernz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Lëscht vun den Uertschaften a Lieu-diten zu Lëtzebuerg. CPLL - Conseil permanent de la langue luxembourgeoise Archivéiert op 2020-08-11. Gekuckt de(n) 14.06.2020.
  2. wéi am Numm vun der Gemeng „Ärenzdall“
  3. www.geoportail.lu, déi offiziell Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
  4. (md) 2016. Hin zu Renaturierung der Weißen Ernz, Natürlicher Lebensraum soll wiederhergestellt werden. Luxemburger Wort vum 21. Juni 2016, S. M6|38.
  5. Hamus, E., 2019. Der Lauf der Natur. Extreme Wasserschwankungen schuld am Baumsterben entlang der Weißen Ernz. Luxemburger Wort vum 7. August 2019, S. 23.