Yūji Hyakutake
Yūji Hyakutake | |
---|---|
Gebuer | 7. Juli 1950 |
Gestuerwen | 10. Abrëll 2002 |
Doudesursaach | Herz-Kreislaufkrankheet |
Nationalitéit | Japan |
Educatioun | Kyushu Sangyo University |
Aktivitéit | Astronom |
![]() |
Den Yūji Hyakutake (jap.百武 裕司 gebuer de 7. Juli 1950 zu Shimabara a gestuerwen den 10. Abrëll 2002 war e japaneschen Amateurastronom.
Mat senger 25×150 Spektiv hat hien zwéi Koméiten entdeckt. De 25. Dezember 1995 hat hien deen éischten no him genannte Koméit C/1995 Y1 (Hyakutake) am Stärebild Libra entdeckt. Säin zweete Koméit C/1996 B2 (Hyakutake), hat hien den 30. Januar 1996 am selwechte Stärebild entdeckt. Dëse Koméit hat sech e puer Méint no senger Entdeckung zu engem vun den hellste Koméite vum 20. Joerhonnert entwéckelt.
Den Yūji ass un engem Aneurysma gestuerwen.
Den Asteroid (7291) Hyakutake gouf no him genannt.