Op den Inhalt sprangen

Yannick Schumacher

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Yaya van Chique)
Yannick Schumacher
Gebuer 1987
Lëtzebuerg
Aktivitéit Grafiker, Podcaster, Influencer, Blogger
Partei LSAP

De Yannick Schumacher, gebuer den 19. Juni 1987 zu Diddeleng an der Maternité[1][2], och bekannt als Yaya van Chique oder einfach Yaya, ass e lëtzebuergeschen Influencer a Podcaster[3].

Hie schafft haaptberufflech als Grafiker am Beräich vun der Press[4][5].

Hie gouf duerch säi Blog Yaya van Chique bekannt a war beim kuerzliewege Projet RTL You aktiv.[6] Hien huet bei anere Sendunge wéi Popstars a Wanns de eppes kanns! matgemaach[1] an hëlt zënter 2019 mat enger Frëndin, dem Jill Lallemang, de Podcast Paus. op.[2]

Zënterhier ass hien och reegelméisseg a Reportagen op RTL Télé Lëtzebuerg ze gesinn.[1] 2024 huet hie mam Mike Winter de Podcast Plottwist lancéiert, an deem si iwwer Filmer schwätzen.[7]

De Yannick Schuhmacher ass oder war op enger Rei soziale Medien aktiv. Op Instagram huet hien iwwer 6,000 Followers,[8] op TikTok iwwer 5.800.

Bei de Gemengewalen 2023 war hien e Kandidat op der Lëscht vun der LSAP.[9]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 3 rtl.lu: De Promi-Spot- Episod 6: Mam Yannick "Yaya" Schumacher (1. September 2022)
  2. 1 2 tageblatt.lu: Zeit für eine „Paus.“: Der Podcast von Yaya und Jill erobert Spotify vum Laura Tomassini (27. September 2019)
  3. adada.lu: L’influenceur Yaya relève les Bold Challenges d’Orange Luxembourg avec Mikado (13. Juni 2020)
  4. today.rtl.lu: What's it like being queer in Luxembourg in 2023? vum Vidosava Kuzmic (3. Juli 2023)
  5. paperjam.lu: S’aimer tel que l’on est vum Céline Coubray (2. Januar 2022)
  6. joel.lu: RTL you und die Blogger/Vlogger Community(20. Juni 2017)
  7. tageblatt.lu: Podcast-TippPodcast von Mike Winter und Yannick Schumacher: Der etwas andere „Plottwist“ vum Isabel Spigarelli (7. August 2024)
  8. forum.lu: Mädchenfarbe Rosa, Forum Nr. 422 (November 2021)
  9. rtl.lu: Lëscht fir d'Gemengewale 2023 steet fest (2. Juni 2023)