Yukimi Nagano

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Yukimi Nagano
Gebuer 31. Januar 1982
Göteborg
Nationalitéit Schweden
Aktivitéit Sänger, Lidderschreiwer, Museker
Member vun Little Dragon

D'Yukimi Nagano, gebuer den 31. Januar 1982 zu Göteborg, ass eng schweedesch Sängerin.

Si ass d'Sängerin vun der Elektro-Band Little Dragon, déi se mat hiren enken Highschool-Kolleegen Erik Bodin (Drums), Fredrik Wallin (Bass) an Håkan Wirenstrand (Keyboard) gegrënnt huet. D'Nagano huet mat dem schweedeschen Nu-Jazz-Duo Koop zesummegeschafft a si an den Erik Bodin spille live mam José González. D'Nagano ass och um Gorillaz-Album Plastic Beach vun 2010 an de Stécker Empire Ants an To Binge, un deene si mat geschriwwen huet, ze héieren. Si ass am Stéck Wildfire um Album vun SBTRKT mat dem selwechten Numm vun 2011 ze héieren.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]