Yves Maas

Vu Wikipedia

Den Yves Maas, gebuer den 29. Januar 1963 zu Esch-Uelzecht[1], ass e lëtzebuergesche Banquier. Hien huet an Däitschland op der Universität des Saarlandes studéiert an duerno bei der Cedel (der haiteger Clearstream) geschafft, éier hien 1999 bei de Credit Suisse Luxembourg gewiesselt ass.[2]

2012 ass hien CEO vum Credit Suisse Lëtzebuerg ginn, an ass zënter Mee 2017 President vun där hirem Verwaltungsrot.

Tëscht Abrëll 2014 an Abrëll 2018 war den Yves Maas President vun der ABBL, duerno bis Juni 2020 Vizepresident. Zënter Dezember 2019 ass hien de CEO vun der ABBL.[3]

Den Yves Maas war an den 1980er siwemol Lëtzebuerger Eenzelchampion am Dëschtennis an huet an der zweeter däitscher Bundesliga gespillt.[4],[5] Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.[6]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. abbl.lu: Portrait
  2. tageblatt.lu: Neue Führung in neuem Umfeld (25. Abrëll 2014)
  3. abbl.lu: Our Management Board (gekuckt de 16. Juli 2021)
  4. wort.lu: Yves Maas: «Ciociu est un grand champion» (18. Abrëll 2012)
  5. tennistavolo.ch: Bald das Maas aller Dinge? an TopSpin 1 (2006/2007)
  6. lessentiel.lu: Les défis d'Yves Maas à la tête de l'ABBL (25. Abrëll 2014)