Op den Inhalt sprangen

Yves Stein

Vu Wikipedia
Yves Stein
Gebuer 6. Mäerz 1963
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Banquier

Den Yves Stein, gebuer als Yves Alphonse François Stein de 6. Mäerz 1963 zu Lëtzebuerg[1], ass e lëtzebuergesche Banquier.

Hien ass de Jong vum Gaston Stein, dem fréieren CSV-Buergermeeschter vu Jonglënster.

Hien huet seng Karriär bei der BGL ugefaangen, ier hien da fir e puer Joer an der Schwäiz geschafft huet. 2010 koum hien zréck op Lëtzebuerg, wou hien ënner anerem CEO vun der KBL gouf. Zanter 2019 ass hien CEO vun der lëtzebuergescher Bank Edmond de Rothschild (Europe).

Zanter 2024 ass hien och President vun der ABBL.[2]

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Gebuertsannonce am Luxemburger Wort vum 9. Mäerz 1963
  2. Bernard Thomas, « Banker’s Paradise », d’Lëtzebuerger Land, 26. Abrëll 2024.