Yves Wengler
| Yves Wengler | |
|---|---|
| Gebuer | 4. Abrëll 1963 |
| Alter | 63 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun | Technesch Universitéit Kaiserslautern |
| Aktivitéit | Politiker |
| Partei | CSV |
| Fonctioun | Buergermeeschter, Schäffen |
|
| |
Den Yves Wengler, gebuer de 4. Abrëll 1963 zu Iechternach, ass e lëtzebuergeschen CSV-Politiker. Hie war vun 2015 bis 2023 Buergermeeschter vun Iechternach.
Liewen a Karriär
[änneren | Quelltext änneren]Hien huet 1982 seng Première am Iechternacher Lycée gemaach an ass duerno op Kaiserslautern op d'Universitéit gaangen, wou hien 1988 säin Diplom als Elektroingenieur krut[1]. Zu där Zäit war hie Sekretär an duerno President vun der Association nationale des étudiants ingénieurs luxembourgeois (ANEIL)[1].
Vun Oktober 1996 bis Juni 2023 war den Yves Wengler Member am Iechternacher Gemengerot. Tëscht Dezember 2005 a Februar 2009 war hie Schäffen a vun 2015[2] bis 2023 Buergermeeschter. No engem Koalitiounswiessel, als Resultat vun de Gemengewale vum 11. Juni 2023, huet hie säi Mandat als Gemengeconseiller net ugeholl.[3]
Vu Juli 2001 bis Mäerz 2023 war hie President vum Syndicat intercommunal de gestion informatique (SIGI)[4].
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 sigi.lu: Curriculum Vitae - Yves Wengler
- ↑ vb/ml/if: "CSV Echternach stimmt für Yves Wengler als Thiry-Nachfolger". wort.lu, 29.01.2015.
- ↑ "Nowéie vun de Gemengewalen: De Buergermeeschter-sortant Yves Wengler hëlt säi Mandat net am Gemengerot un." rtl.lu, 17.07.2023.
- ↑ SIGI: Yves Wengler trëtt als President zeréck. radio 100,7 (22.03.2023). Gekuckt den 18.07.2023.
