Zähringer (Moundkrater)
Ausgesinn
|
De Krater Zähringer (lénks uewen) an Ëmgéigend (LROC-WAC) | |
| Koordinaten | 5°30'36"N, 40°12'36"O |
|---|---|
| Duerchmiesser | 11,2 km |
| Selenographesch Längt | 320° bei Sonnenopgank |
| Genannt no | Joseph Zähringer |
| Genannt am Joer | 1976 |
| Moundvéiereck | LQ11 |

Den Zähringer ass e klengen Aschlagkrater no beim südëstleche Rand vum Mare Tranquillitatis. Am Nordoste läit dee vu Lava iwwerschwemmte Krater Lawrence an a südëstlecher Richtung d'Secchi-Bierger mam Krater Secchi, deen hinnen den Numm gëtt. Weider am Osten ass de grousse Krater Taruntius.
Den Zähringer huet eng kreesronn, schosselaarteg Form an huet am Zentrum e klenge Kraterbuedem. Erosiounspuere vu spéideren Aschléi si keng do.
De Krater gouf am Joer 1976 vun der I.A.U. nom Josef Zähringer (1929–1970) genannt. Virdru war seng Bezeechnung 'Taruntius E'.