Zéintscheier (Gréiwemaacher)

Vu Wikipedia
Zéintscheier
D'Zéintscheir (2012)

D'Zéintscheier ass en historescht Gebai zu Gréiwemaacher, um Eck vun der Post- an der Kierchestrooss, dat 1635 gebaut oder restauréiert gouf, fir do d'Wueren ze lageren, déi als Zéngt - méi oder manner een Zéngtel vun der Recolte - hu missen als Steier ofgi ginn.

Et gëtt ugeholl, datt schonn ëm 1477 de Kellermeeschter vun den Domaine vum Landeshär (vigneron du Roy) op dëser Plaz gewunnt huet. Bei archeologesche Gruewunge gouf ënner dem Buedem vum haitege Keller dee vun engem nach méi alen entdeckt, dee bis an de Mëttelalter zeréckgeet. Keramikschierbelen aus dem 13. Joerhonnert deiten drop hin, datt och virun der Zéintscheier do schonn e Gebai stoung. Och eng Zetär, e Pëtz an e Moossstaf vu ronn 30 cm goufen am Gaart fonnt.[1]

Am Laf vun de Joerhonnerte koume verschidden Ännerungen. Sou gouf d'Haus an zwee getrennte Deeler gespléckt, engersäits an e grousse Lagerraum, an op der anerer Säit a Wunn- respektiv Openthaltsraim. No der Franséischer Revolutioun goufe weider Transformatioune gemaach fir neie Wunnraum ze schafen. Ënnena gouf e Geschäft installéiert.[2]

Zanter Mäerz 1975 gehéiert d'Gebai der Stad Gréiwemaacher. 2015-2017 gouf et restauréiert; dobäi gouf d'Haus ausgehielegt an nei Bëtongsplafongen a Maueren goufen agebaut. De mëttelalterleche Kellerbuedem blouf ënner enger gliese Plack erhalen, grad wéi en ale Bakuewen. Bausse gouf e Lift ugebaut.[1] Den Devis vun de Aarbechte louch bei 2,7 Milliounen Euro, wouvu bis zu 40 Prozent vum Staat iwwerholl goufen.[2]

An dat renovéiert Gebai si Lokaler fir Jugendclibb an eng Internetstuff amenagéiert ginn. Et gouf am Dezember 2017 ageweit.

D'Zéintscheier ass mam Osbourg-Haus an dem Paschtoueschhaus eent vun den eelsten erhalene Gebaier zu Gréiwemaacher. Besonnech bemierkenswäert ass de gewëllefte Keller an en impressionante Renaissance-Trapentuerm. Den 13. November 2009 gouf s'als Nationaalt Monument klasséiert.[3]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 " 'Zéintscheier' im Altstadtzentrum wird kernsaniert." wort.lu, 26. Abrëll 2015 um 06:30.
  2. 2,0 2,1 "Gemengerot Gréiwemaacher: Revalorisatioun vun Zéintscheier." rtl.lu, 26.11.2013, 10:20:04.
  3. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).