Zénon Bernard (1893)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem 1893 gebuerenen an 1942 gestuerwenen Zénon Bernard. Fir säin Enkel mam selwechten Numm (1944 gebuer), kuckt wgl. Zénon Bernard (1944).
Zénon Bernard
Gebuer 15. Februar 1893
Koler
Gestuerwen 25. Juni 1942
Kassel
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller, Politiker, Resistenzler
Veräin/Ekipp Sporting Club Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp
Partei KPL

De Zénon Bernard, gebuer de 15. Februar 1893 zu Koler a gestuerwen de 25. Juni 1942 zu Kassel[1], war e lëtzebuergesche KPL-Politiker, Resistenzler a Foussballist.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Vun 1910 un huet en de Schlässerberuff geléiert an op der Schmelz zu Déifferdeng geschafft.

Sportlech Aktivitéit[änneren | Quelltext änneren]

Als Foussballspiller huet hien tëscht 1911 an 1914 am Sporting Club Luxembourg gespillt, an huet Lëtzebuerg zweemol an der Nationalekipp vertrueden. Hien huet den 29. Oktober 1911 an den 8. Februar 1914 jeeweils an engem Match géint Frankräich matgespillt a beim Match 1914 ee Gol geschoss[2].

Politesch Aktivitéit[änneren | Quelltext änneren]

Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich ass hien der sozialistescher Beweegung bäigetrueden. Hie gouf ee vun den Haaptleit an der lénker Fraktioun vun der Sozialistescher Partei an huet dofir plädéiert der Kommunistescher Internationale bäizetrieden.

Nom Splécke vun der Sozialistescher Partei gouf hien ee vun de Grënnungsmembere vun der Kommunistescher Partei den 2. Januar 1921 zu Déifferdeng. Wärend dem groussen Aarbechterstreik vum 3. bis 17. Mäerz 1921 huet e sech besonnesch ervirgedoen. Am Januar 1922 gouf e Generalsekretär vun der KP a spéider och President.

Nodeem d'kommunistesch Partei bei de partielle Legislativwalen vum 3. Juni 1934 am Walbezierk Süden 7,3 % vun de Stëmmen erreecht hat, koum de Zénon Bernard als éischten Deputéierte vun der KP an d'Chamber. No gréisseren Debatten an der Chamber, gouf de 27. November 1934 d'Wal vum Zénon Bernard fir ongülteg erkläert mat der Begrënnung, als Constitutiounsgéigner kéint e jo keen Eed op d'Constitutioun ofleeën, an hie krut säi Mandat entzunn. Deen Dag hat hie seng eenzeg Ried an der Chamber gehalen.

Am Oktober 1934 gouf hien an de Gemengerot vun Esch-Uelzecht gewielt, wat e bis de Mäerz 1940 bliwwen ass.

Hie war 1936 Matgrënner vum Bauaarbechterverband.

Resistenz a Gefaangenschaft[änneren | Quelltext änneren]

Nom däitschen Iwwerfall op Lëtzebuerg huet hien d'Aktivitéite vun der KP an der Resistenz geleet. Dofir gouf hien de 15. September 1940 vun der Gestapo verhaft. E gouf wéinst Landesverrot zu fënnef Joer Prisong verurteelt déi en zu Kassel sollt ofsëtzen. De 25. Juni 1942 ass en do gestuerwen (resp. ëmbruecht ginn).

Nom Zénon Bernard benannt[änneren | Quelltext änneren]

  • eng Strooss zu Esch-Uelzecht: d'rue Zénon Bernard (PLZ 4030 a 4031) am Quartier Brill, wou och de Sëtz vun der Kommunistescher Partei an hirer Zeitung Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek ass.
  • eng Strooss zu Déifferdeng-Fuussbann: d'rue Zénon Bernard (PLZ 4515)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Mémorial du Grand-Duché de Luxembourg: Samedi, 22 mars 1947. N° 15, S. 271 Gearchiveerd op 2016-03-03. Gekuckt de(n) 2014-01-10.
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Zénon Bernard op der Websäit vun European Football