Zëmmer ze verlounen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Informatiounen

Film
Originaltitel: Zëmmer ze verlounen
Produktiounsland: Lëtzebuerg
Première: 2018
Dauer: pro Episod 26 Minutten
Originalsprooch: Lëtzebuergesch
Equipe
Dréibuch: Marco Serafini
Musek: Jang Linster
Produzent: Calach Film
RTL Télé Lëtzebuerg
Filmfong
Acteuren: Tommy Schlesser
Fabienne Hollwege
Hana Sofia Lopes
Al Ginter
Timo Wagner
Filmportal - Filmer no Joren
Film no Länner - Film no Genre

Zëmmer ze verlounen ass eng lëtzebuergesch Sitcom, déi vu Calach Film produzéiert gëtt (finanzéiert vun RTL Télé Lëtzebuerg an dem Lëtzebuerger Filmfong) an zanter dem 11. September 2018 an 12 Episode vu 26 Minutten op RTL Télé Lëtzebuerg ausgestraalt gëtt.[1] Se gouf vum Marco Serafini kreéiert,

Ëm wat geet et?[änneren | Quelltext änneren]

De Max, e jonken Acteur (Tommy Schlesser) mat Talent, ma ouni Aarbecht, sicht, nodeems e vu senger Fra Sophie (Hana Sofia Lopes) verlooss gouf, e Colocataire, fir d'Käschte vu sengem Appartement ze deelen. Mä dat ass net sou einfach wéi geduecht...

Episoden[änneren | Quelltext änneren]

Episod Éischt Ausstralung Auteur Realisateur Ëm wat geet et?
1 Henry - De Psychiater 11. September 2018 Susanne Hertel, Amelie Vrla, Daniel Texter Nadia Masri Nodeems de Max vu senger Fra Sophie verlooss gëtt, ganz verzweiwelt ass an ausserdeem net méi weess, wéi hien de Loyer bezuele soll, hëlt hien de Henry als Sous-Locataire bei sech op. Keng immens gutt Iddi, well den Henry, dee seng Fra virun d’Dir gesat huet, ass e richtege Souerpitti. Amplaz dem Max professionell Hëllef ze ginn, tiermt hien iwwert säin eegent Leed. Iwwerdeems muss de Max verhënneren datt de Proprietär gewuer gëtt, datt d’Sophie erausgeplënnert ass. D’Valerie versicht fir him ze hëllefen, mécht awer alles just nach méi schlëmm.
2 Philippe - Den Dokter 18. September 2018 Chantal Schaul, Susanne Hertel, Amelie Vrla Yann Tonnar De Max muss sech op eng Roll als Fernsehdokter virbereeden. Dowéinst sicht hie sech de Medezinstudent Philippe als neie Matbewunner aus. Hien hofft, datt dësen hien an d’Geheimnisser vum “Doktersinn“ aweie wäert. Mä de Philippe interesséiert sech méi fir Meedercher an Autoszeitungen a kann ausserdeem kee Blutt gesinn. De Max muss de Philippe "plus ou moins" zwéngen fir sech mam Contenu vu sengem Studium ze beschäftegen. Ausgerechent bei enger “Generalprouf“ mat vill Ketchup als Bluttersatz steet erëm de Proprietär virun der Dir.
3 Paul - Mamma Mia 25. September 2018 De Max fiert an e Workshop fir e Musical ze prouwen. Wéi hien zréckkënnt, kritt hie bal e Schlag: Säin neie Matbewunner, deen total vu sech selwer iwwerzeegten engleschen Designer Paul, huet am Max senger Absence d’Wunneng nei ageriicht. Miwwel aus Recyclingsmaterial, a leider zimlech gräisslech. Wéi wann dat nach net schlëmm genuch wier, brécht de Max sech och nach d’Been. Alles war ëmsoss, de Musical gëtt ouni hien inzenéiert.
4
5

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Nei RTL-Sitcom mam Tommy Schlesser an Hana Sofia Lopes." rtl.lu, 10.10.2017, 15:34:51.