Zëtteger Millen
Ausgesinn
| Zëtteger Millen | |
|---|---|
|
D'Zëtteger Millen am Februar 2017 | |
| An anere Sproochen |
fr: Zittig-Moulin de: Zittiger Mühle |
| Land | Lëtzebuerg |
| Kanton | Iechternach |
| Gemeng |
|
| Buergermeeschter | Max Pesch |
| Koordinaten |
49° 44’ 11.7’’ N 06° 20’ 34.8’’ O |
|
| |
D'Zëtteger Millen ass e Lieu-dit an eng fréier Millen an der Gemeng Bech, deen aus e puer Gebaier besteet, déi zu engem landwirtschaflteche Betrib gehéieren.
D'Zëtteger Mille läit um Zesummefloss vun zwou Baachen, der Laangbaach, déi tëscht Grolënster a Rippeg entspréngt, an der Trenk, déi aus nërdlecher Richtung laanscht Zëtteg hierkënnt.
D'Zëtteger Mille läit nieft dem CR136 tëscht Hemstel a Bruch op enger Héicht vun 265 Meter.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Zëtteger Millen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
