Zensus-Walrecht

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Zensus-Walrecht war eng Form vu Walrecht, bei där zousätzlech zu de Konditiounen, déi an de meeschte Länner virgesi waren, nämlech déi vun der Groussjäregkeet, der Nationalitéit an de Genoss vun de politeschen a biergerleche Rechter, nach d'Konditioun vum sougenannten Zensus muss erfëllt sinn, fir däerfe wielen ze goen. Den Zens ass e gesetzlech festgeluechte Geldbetrag, deen a Form vu Steieren am Laf vum Joer an d'Staatskeess huet misse bezuelt ginn.

Den Effekt vum Zens war, datt en eng Parti Leit vun der Wal ausgeschloss huet, eeben déi Leit déi wéinst klengem Akommes a virun allem klengem Verméigen déi entspriechend Steieren net bezuelt hunn.

Zensus-Walrecht zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

(All d'Informatiounen an dësem Kapitel entspriechen dem Walgesetz vun 1860 a senge Modifikatiounen)
Zu Lëtzebuerg gouf et d'Zensus-Walrecht vun 1860 bis 1919, deem Joer wou d'allgemengt Walrecht agefouert gouf. De Betrag vum Zens fir d'Chamberwale war vun 1860 un 30 Frang, an ass 1892 op 15 Frang erofgesat ginn. Fir den Zens sinn nëmmen déi sougenannt direkt Steiere gezielt ginn, woubäi d'Grondsteier eng besonnesch Roll gespillt huet. Et waren och verschidden Zorte vun direkte Steieren explizit ausgeschloss, wéi zum Beispill déi, déi duerch de Betrib vun enger Wiertschaft ugefall sinn. Den Zens fir Gemengewale louch bei 10 Frang.