Zeréck (Film)
Film | |
---|---|
Produktiounsland | Lëtzebuerg |
Produktiounsjoer | 2022 |
Dauer | 49 |
Originalsprooch | Lëtzebuergesch |
Ekipp | |
Regie | Frédéric Zeimet |
Dréibuch | Frédéric Zeimet |
Fotografie | Lyn Rae Lee |
Musek | Daniel Balthasar |
Schnëtt | Loïc Tanson |
Produzent | Six Letters |
Schauspiller | |
Dorothée Neff als Camille Konstantin Rommelfangen als Thomas | |
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre |
Zeréck ass e mëttellaange Spillfilm vum lëtzebuergesche Regisseur Frédéric Zeimet, deen och d'Dréibuch geschriwwen huet. Et ass eng Rom-Com. De Film ass den 30. November 2022 zu Lëtzebuerg an d'Kinoe komm.
Ëm wat geet et am Film?
[änneren | Quelltext änneren]Aus ganz verschiddene Grënn mussen d'Camille an den Thomas no enger Hochzäit zeréck an hiren Hotel. Well et scho spéit ass decidéieren se, de Wee duerch eng eidel Stad zesummen ze trëppelen, och wa se sech net terribel sympatesch sinn. Et stellt sech eraus datt se sech scho vu méi laang hier kennen...
Soss
[änneren | Quelltext änneren]Zeréck gouf vum Lëtzebuerger Filmfong ënnerstëtzt. De Film gouf bannent dräi Deeg am Wanter 2020/21, an der Zäit vum zweete Confinement vun der COVID-Pandemie an Stad Lëtzebuerg gedréint.[1],[2] D'Protagonisten trëppele vun Neimënster am Gronn, duech d'Alstad iwwer d'Rout Bréck bis op d'Place de l'Europe um Kierchbierg.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- zereck.com, d'Websäit zum Film
- Trailer op youtube.com
- Fiche op imdb.com
Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Joël Seiller: "'Zeréck' vum Frédérique [sic] Zeimet." rtl.lu, 02.12.2022.
- ↑ Daniel Conrad: " 'Zeréck' ins Kino mit euch." wort.lu [w+], 02.12.2022.