Op den Inhalt sprangen

Zheng He

Vu Wikipedia
Umierkung: Bei dësem Artikel gëtt de Familljennumm virun de Virnumm vun der Persoun gesat. Dat ass déi üblech Reiefolleg am Chineeseschen. Zheng ass also de Familljennumm, He ass de Virnumm.
Zheng He
Gebuertsnumm 鄭和, Ma He
Gebuer 1371 jul.
Kunming
Gestuerwen 1433 jul.
Nanjing
Nationalitéit Ming-Dynastie
Aktivitéit Explorateur, Diplomat, Navigateur, Eunuch, Reesenden
Droits d'auteur Droits d'auteur sinn ofgelaf
Famill
Papp Hajji Ma

Den Zheng He (Chineesesch: 鄭和 / 郑和, Pinyin: Zhèng Hé), gebuer 1371 zu Kunming an der Provënz Yunnan, a gestuerwe 1433 oder 1435, war e chineeseschen Admirol. Hien huet tëscht 1405 an 1433 siwe grouss Expeditioune mat grousse Flotten am Pazifeschen an Indeschen Ozean ënnerholl. Dobäi huet hien net just d'Piraterie erfollegräich bekämpft, mä och d'Mierer bis an Arabien an Ostafrika erfuerscht. Seng Dschunke sollen iwwer 50.000 km zeréckgeluecht hunn.

Den Zheng He gouf wärend der Ming-Dynastie zu Kunyang an der Provënz Yunnan am Süde vu China, an enger muslimescher Famill gebuer. Säi Gebuertsnumm war Ma He. Säi Grousspapp a säi Papp, als fromm Moslem, haten allebéid den Haddsch, d'Pilgerrees op Mekka, ofgeschloss. Am Joer 1382 ass hien als eelefjärege Jong vun de Ming-Truppen gefaange geholl ginn. Am Alter vun 13 Joer gouf hie kastréiert, well de Keeser a seng Nokommen déi eenzeg zeugungsfäeg Männer am Palais duerfte sinn. Den Zheng He koum fir d'éischt als Dénger op den Haff vum Prënz vu Yan, Zhu Di, dee méi spéit als Cheng Zu de Yongle -Keeser (1403–1424) vun der Ming-Dynastie gouf.

Den Zheng He huet sech als aussergewéinlechen Dénger bewisen a gouf an der Krichskonscht an an der Diplomatie ausgebilt.

Wéi de Prënz Zhu Di 1402 Keeser gouf, huet hien den Zheng He als Admirol ernannt an him opgedroen, eng Flott vu Schatzschëffer ze bauen, fir domat den Afloss vu China auszebauen an no der mongolescher Herrschaft nees kënnen als e mächtegt Land opzetrieden. Den Admirol Zheng He war den éischten Eunuch, dee sou eng héich militäresch Positioun a China hat.

D'Berichter iwwer den Doud vum Zheng He si widderspréchlech. Verschidde Quelle soen, hie wier op senger Heemrees am Joer 1433 gestuerwen, anerer soen e wier eréischt no senger Réckrees am Joer 1435 gestuerwen.

 Commons: Zheng He – Biller, Videoen oder Audiodateien