Slata Ohnewytsch

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zlata Ohnewitsch)
Slata Ohnewytsch
Gebuertsnumm Инна Леонидовна Бордюг
Gebuer 12. Januar 1986
Murmansk
Nationalitéit Ukrain
Educatioun R. Glier Kyiv Institute of Music,
National Aviation University
Aktivitéit Sänger, Politiker, Animateur, Televisiounsmoderateur

D'Slata Ohnewytsch (Злата Огневич), gebuer den 12. Januar 1986 zu Murmansk a Russland als Inna Leonidowna Bordjug (ru: Инна Леонидовна Бордюг, uk: Інна Леонідівна Бордюг/Inna Leonidiwna Bordjuh), ass eng ukrainesch Popsängerin.

Wéi si 5 Joer al war, gouf hire Papp, e Militärchirurg, op Sudak op der Krim versat. Si huet do hir Kandheet verbruecht an ugefaange Musek ze studéieren. Um Kiewer Musekinstitut R. M. Glière gouf s'als professionell Sängerin ausgebilt. Fir hir Carrière unzefänke gouf se du vum Produzent Michail Nekrasow ënnerstëtzt.

D'Slata Ohnewytsch huet e puermol bei der ukrainescher Virentscheedung fir den Eurovision Song Contest matgemaach:

  • 2010 gouf se mam Titel Tiny Island déi fënneft
  • 2011 gouf se mam Titel The Kukushka déi zweet
  • 2013 gouf se mam Titel Gravity déi éischt, an huet däerfen hiert d'Land zu Malmö vertrieden.

Bei der 1. Halleffinall vum Eurovision Song Contest 2013 de 14. Mee koum s'op déi drëtt Plaz an hat sech domat fir d'Finall qualifizéiert. Bei der Finall den 18. Mee ass se mat 214 Punkten nees op déi drëtt Plaz komm, hanner dem Farid Mammadov (Aserbaidjan) mat 234 Punkten an dem Emmelie de Forest (Dänemark) mat 281 Punkten.[1]

Si ass bei der ukrainescher Parlamentswal am Oktober 2014 op der Lëscht vun der Radikaler Partei vum Oleh Ljaschko ugetratt a gouf an d'Werchowna Rada gewielt, ee Joer méi spéit huet se hiert Mandat nees ofginn[2].

Bekanntst Lidder[änneren | Quelltext änneren]

  • Остров любви (ESC Virentscheed 2010)
  • Пристрасть
  • Ангелы
  • Кукушка (ESC Virentscheed 2011)
  • Kiss (mam DJ Shamshudinov)
  • Артек (Hymn vum Internationale Kannerzentrum)
  • Далеко
  • За лісами-горами
  • Gravity (ESC 2013)
  • One Day
  • My bunny
  • Japan

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Resultater vum ESC 2013 zu Malmö
  2. D'Sängerin Slata Ohnewytsch leet hiert Parlamentarescht Mandat néier, fakty.ua, 10. November 2015