Op den Inhalt sprangen

Snamjanka

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Znamyanka)
Snamjanka
Land Ukrain
Vewaltungseenheet Oblast Kirowohrad
Awunner 22.936
Fläch 15,0 km²
Héicht 197 m
Koordinaten 48°42'49"N, 32°40'24"O
Postcode 27400
Websäit https://znam.gov.ua/

Snamjanka ((uk) Знам'янка) ass eng Stad am Oste vum Oblast Kirowohrad an der Ukrain.

Snamjanka ass e wichtege Knuetpunkt vun der Eisebunn op der Grenz tëscht der Steppen- a Waldstepperegioun. Zesumme mat der Stad Kropywnyzkyj bilt s'eng urban Agglomeratioun. D'Bevëlkerung louch am Joer 2022 bei ongeféier 22.000 Leit.

Panorama. Vue op den ëstlechen Deel vun der Stad; an der Mëtt ass d'Gare.

D'Stad gouf 1869 als Gare gegrënnt a krut 1938 de Status vun enger Stad. Wärend dem Holodomor vun 1932-1933, enger gewollt verursaachter Hongersnout, déi vu verschiddene Länner als Genozid unerkannt gouf, an der Nazi-Besatzung vun 1941 bis 1943 huet d'Stad ongeféier déi selwecht Zuel vun Awunner verluer[Wéi vill?] [1] [2].

1952 gouf eng nei Gare gebaut an an den 1960er Joren, fënnefstäckeg Appartementshaiser. 1968, zu Éiere vum Joresdag vun der Befreiung, gouf am Zentrum vun der Stad e groussen Obelisk op der Plaz vun engem Massegraf opgeriicht.

1977 gouf en Haus vun der Kultur gebaut; an den 1980er Jore sinn néngstäckeg Appartementshaiser entstanen[3] [4] [5].

Wärend der russescher Invasioun, déi am Joer 2014 ugefaangen huet, ass den Zaldot Viktor Goli ëmkomm, wéi hien de Virmarsch vun de Russe stoppe wollt. Zu sengen Éiere gouf d'Haaptstrooss no him ëmgenannt.

Zënter datt eng nei Well vu Kämpf am Kader vum Russesch-Ukrainesche Krich am Joer 2022 ugefaangen huet, ass d'Stad zu engem Schutzraum fir Dausende vu Flüchtlingen aus dem Südoste ginn.

 Commons: Snamjanka – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Від Знаменки початку XVIII століття до сучасної Знам’янки Другої
  2. Голодомор 1932-33 рр.: Знам'янський район – боротьба за життя
  3. За «образцовое выполнение специальных заданий Правительства по укреплению оборонной мощи Советского Союза и за личную храбрость» Указ Президиума ВС СССР // Известия : газета. — 1938. — 16 декабря (№ 290). — С. 1.
  4. Герои Советского Союза: Краткий биографический словарь / Пред. ред. коллегии И. Н. Шкадов. — М.: Воениздат, 1988. — Т. 2 /Любов — Ящук/. — 863 с. — 100 000 экз.
  5. Пам'ятки історії та монументального мистецтва