Op den Inhalt sprangen

Zone d'activités économiques à caractère régional à Ehlerange

Vu Wikipedia
ZARE
Zone d'activités économiques à caractère régional
Secteur Industriezon
Verwaltungssëtz Bieles
Membergemengen Esch-Uelzecht, Monnerech, Suessem
Gegrënnt 26. Februar 1993

Zone d'activités économiques à caractère régional à Ehlerange, gekierzt ZARE, ass en Interkommunale Syndikat deen 1993 vun de Gemengen Esch, Monnerech a Suessem gegrënnt gouf[1] fir Grënnung, d'Ariichten, d'Fërderen an d'Ausnotze vun enger regionaler Aktivitéitszon zu Éilereng.

Den neie Statuten no[2], ass den Zweck vum Syndikat fir eng oder méi regional Aktivitéitszonen ze geréieren. Dozou gehéieren absënns:

  • Zon I: regional Aktivitéitszon zu Éilereng, um Gebitt vun de Gemenge Monnerech a Suessem. Déi Zon läit zum gréissten Deel um Territoire vun der Gemeng Suessem, riets a lénks vun der Collectrice du Sud, an et kënnt een dohin iwwer d'Sortie N°4 vun der Collectrice, oder iwwer den CR110 zu Éilereng. Well d'Collectrice queesch derduerch leeft, gëtt d'Zon als „ZARE West“ a „ZARE Ost“ bezeechent;
  • Zon II: regional Aktivitéitszon „A Sommet“ zu Esch-Uelzecht.

De Siège vum Syndikat ass an der Märei vu Suessem, zu Bieles. D'ZARE ass zanter 2020 als ëffentlecht Etablissement am Handelsregëster agedroen[3].

Ugeschlosse Gemengen

[änneren | Quelltext änneren]

Esch-Uelzecht

Monnerech

Suessem

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Arrêté grand-ducal du 26 février 1993
  2. Arrêté grand-ducal du 25 mai 2007 portant approbation des nouveaux statuts du Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une zone d'activités économiques à caractère régional à Ehlerange, en abrégé «ZARE». 29.06.2007 (legilux.public.lu). Gekuckt de(n) 22.08.2020.
  3. (J122) Syndicat intercommunal pour la création, l'aménagement, la promotion et l'exploitation d'une zone d'activités économiques à caractère régional à Ehlerange. www.lbr.lu (16.01.2020). Gekuckt de(n) 22.08.2020.
Interkommunal Syndikater
Am Haff | An der Schwemm | BILLEK | CM-Nord | De Réidener Kanton | DEA | Ecole de musique du canton de Redange | Ecole régionale Uewersauer | FILANO | HIS | Les Thermes | Maintien à domicile-Medernach | MINETT-KOMPOST | Naturpark Uewersauer | Naturpark Our | Pidal | PIMODI | PRO-SUD | Réidener Schwemm | Résidence des Ardennes Clervaux | Schoulkauz | SEBES | SEC | SES | SESE | SESF | SIACH | SIAEE | SIAEG | SIAER Triangle Vert | SIAS | SICA | SICEC | SICLER | SICONA Sud-Ouest | SICONA-Centre | SICOSPORT KAYLDALL | SIDEC | SIDEN | SIDERE | SIDERO | SIDEST | SIDOR | SIFRIDAWE | SIGI | SIGRE | SIKOR | SISPOLO | SIT | SITEG | SIVEC | SPIC | STEP | SYCOPAN | SYCOSAL | Syndicat Müllerthal | SYNECOSPORT | Syrdall Schwemm | SYVICOL | TICE | ZAMID | ZANO | ZARE | ZARO | ZARW