Op den Inhalt sprangen

Déierepark

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Zoo)
Agank vum Zoo vun Antwerpen, deen 1843 gegrënnt gouf.
Giraffen an engem Zoo an Australien, virun der Skyline vu Sydney.

En Déierepark oder Zoo ass eng Ariichtung, an där ursprénglech wëll Déieren an enger parkänlecher Ëmgéigend a Gefaangeschaft gehale ginn, fir der Ëffentlechkeet d'Méiglechkeet ze ginn, se ze kucken.

Den eelsten Zoo, deen et och haut nach gëtt, ass den Tiergarten Schönbrunn zu Wien, dee 1752 seng Dieren opgemaach huet. Der Europäescher Zoo-Direktiv 1999/22/EG aus dem Joer 1999 no, muss all Zoo an der Europäescher Unioun eng speziell Autorisatioun hunn. En Déierepark gëtt als dauerhaft Ariichtung definéiert, an där lieweg Exemplarer vu wëll-liewenden Aarten gehale ginn, an déi op d'mannst siwen Deeg am Joer ëffentlech ausgestallt ginn. Dat schléisst ënner anerem Zirkussen an Déierenhandlungen aus.[1]

Den Zweck vun engem Déierepark ass d'Bildung, d'Fuerschung, d'Erhuelung an den Natur- an Aarteschutz, zum Beispill duerch d'Zuucht vu raren Déieren an deenen hiert spéidert Aussetzen an der Natur. Trotzdeem sinn Déierparken ëmstridden a ginn dacks vun Déierschutzorganisatioune kritiséiert.

De gréissten Déierepark zu Lëtzebuerg ass de Märchepark Beetebuerg. E weideren Zoo ass den Escher Déierepark. De Sennenger Zoo huet tëscht 1968 an der fréien 1980er existéiert.

 Commons: Déierepark – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Council Directive 1999/22/EC of 29 March 1999 relating to the keeping of wild animals in zoos, Artikel 2