Zoologie

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Zoologie ass d'Studéiere vum Bau an der Liewensweis vun deene verschiddenen Aarte vun Déieren, geneesou wéi d'Erfuerschunge vun hire géigesäitege Verwandschaftsverhältnisser.

All Aart vun Déier soll souwäit wéi méiglech eng logesch a wëssenschaftlech fundéiert Plaz an engem gereegelte System kréien. Déi ideal Form vu sou engem System wier et, fir all Déier no senger Ofstamung, sengem Opbau, senger jeeweileger Liewensweis a senger Entstoungs- an Entwécklungsgeschicht ze katalogiséieren.

Dëst ass awer praktesch net zu honnert Prozent méiglech, well et nach eng Onmass vu Relatioune gëtt déi nach net nogewise sinn oder kënne ginn.

E staark vereinfachte System, dee praktesch benotzt ka ginn, ass d'Glidderung vun der Déierewelt (Animalia) a grouss Kategorien no verschiddene Kennzeechen.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Haaptandeelung[änneren | Quelltext änneren]

  • Regnum (Räich)
    • Phylum (Stamm)
      • Classis (Klass)
        • Ordo (Uerdnung)
          • Familia (Famill)
            • Genus (Gattung)
              • Species (Aart)

Donieft gëtt et nach Andeelunge wéi Iwwerklass, Ënneruerdnung asw.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zoologie – Biller, Videoen oder Audiodateien