Zowaasch

Vu Wikipedia
Zowaasch
Kierch zu Zowaasch
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Lasauvage
de: Lasauvage
Land Lëtzebuerg
Kanton Esch-Uelzecht
Gemeng Déifferdeng
Buergermeeschter Guy Altmeisch (LSAP)
Awunner 398
  31.12.2005
Héicht 335 m
Koordinaten 49° 31’ 25’’ N
      05° 50’ 07’’ O

Zowaasch ass eng Uertschaft an der Gemeng Déifferdeng.

D'Haus No 55
De Casino vun Zowaasch
Déi al Zowaascher Primärschoul
Den Dauschsteen (pierre de cron)[1] bei der Kierch zu Zowaasch.

Bedeitung vum Uertsnumm[änneren | Quelltext änneren]

Den Uertsnumm léisst sech op eng Seechen zeréckféieren, an där et ëm eng Wëll Fra geet, déi nëmme réit Fleesch soll giess hunn an ënner engem Fielsvirspronk, ënner deem se och gehaust huet, vun engem Äerdrutsch begruewe gouf.

Et kann een dovun ausgoen, datt dësen Dall virum 17. Joerhonnert net bewunnt war. A fréie Chronike gëtt Zowaasch ënner dem Numm Val de la sauvage femme gefouert.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ëm d'Joer 1623 entsteet am Dall vun der Wëller Fra, op der Plaz vun der haiteger Primärschoul, en Hummerwierk mat Héichuewen, dat am Besëtz vun engem Lonkecher Bierger, dem Gabriel Bernard, war. Déi kleng Schmelz hat eng duerchaus beweegt Geschicht. An 250 Joer, an deene se dacks d'Besëtzer gewiesselt huet, gouf et schlecht Zäiten, sou zum Beispill wärend dem Drëssegjärege Krich, der Franséischer Revolutioun oder dem Klëppelkrich.

Et goufen awer och Zäiten, a deenen Zowaasch en Opschwonk erlieft huet. Dat sougenannt Schlass (eng maison de maître) vu Lasauvage gouf ëm 1750 vum Besëtzer vun der Schmelz, dem Barong Henri d'Huart, gebaut. Am Laf vun de Jore goufen nach zwéi weider Héichiewe bäigebaut. D'Zowaascher Schmelz war méi spéit déi éischt Schmelz am Land, déi Minett verschafft huet, nieft dem bis dohi gebräichleche Wisenäerz.

Ëm d'Joer 1877 huet d'Schmelz missen zoumaachen. Den Drock duerch d'Konkurrenz ass op eng Kéier ze grouss ginn an d'Lag vun Zowaasch war ze vill isoléiert. De Besëtzer, de Grof Fernand de Saintignon, ass dunn op d'Exploitatioun vu Minett ëmgeklommen an huet domat vill Sue verdéngt. Spéider Pläng, sou zum Beispill vun Eisenäerzveraarbechtung op Kuelenofbau ëmzeklammen, ware Mësserfolleger. Bei Buerungen ass een amplaz op Kuelen op Waasser gestouss. Sou hat de Grof de Saintignon d'Iddi, Zowaasch als Kuruert erëm interessant ze maachen. Mä och dat war e Mësserfolleg. Op deene Plaze wou d'Gebaier vun der Schmelz stoungen, huet hien eng Schoul, eng Kierch an e Parhaus baue gelooss, dat seng Nokommen no sengem Doud der Déifferdenger Gemeng geschenkt hunn, d'Schoul hu s'awer der Gemeng verkaaft.

Wärend dem Éischte Weltkrich gouf de Minettofbau vum Saintignon ofgebrach, well hien den Däitschen, deenen d'Deutsch-Luxemburgische Bergwerks- und Hütten-AG vun Déifferdeng gehéiert huet, keng Minette liwwere wollt. Nom Doud vum de Saintignon den 1. Januar 1921 huet d'Rodanger Schmelz d'Haiser opkaaft an d'Minett weider ofgebaut, bis 1978 wou och déi lescht Minière zougemaach gouf. Déi Déifferdenger Schmelz, déi ewell HADIR geheescht huet, huet den Ierwe vum De Saintignon de Prozess gemaach, well hir Gesellschaft der Schmelz net déi versprachen Tonne Minett geliwwert huet. D'Gesellschaft de Saintignon huet dee Prozess verluer.

Well Zowaasch dat eenzegt lëtzebuergescht Duerf war, dat nach vun de Geschëtzer vun der Maginot-Linn konnt erreecht ginn, hat d'groussherzoglech Famill sech an de Joren 1939/1940 ënner dem Haus Nummer 55 eng Kasematt ariichte gelooss. D'Grande-Duchesse Charlotte wollt sech am Fall vun engem Ugrëff vun Nazidäitschland dohin zeréckzéien an dann d'Land vun do aus regéieren, ganz nom Virbild vum Albert I., dee sech am Éischte Weltkrich hanner den Yser zeréckgezunn hat. Den 10. Mee 1940 ass alles awer sou séier gaangen, datt d'Groussherzogin nach ganz knapps d'Zäit hat, d'Land zu Rodange a Richtung Frankräich ze verloossen. Si huet also ni ee Fouss an dat Haus N° 55 gesat.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Zowaasch läit am Dall vun der Réierbaach (fr.: Crosnière) an direkter Noperschaft vun der franséischer Uertschaft Zounen (fr.: Saulnes) an dem Roudenhaff, déif am Süde vum Land.

Kuriéises[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Seeche vun der Wëller Fra vun Zowaasch;
  • D'Helleg an de Kierchefënsteren hunn d'Gesiichtszich vun de Schmelzhären an hire Fraen;
  • Virun allem déi eeler Leit schwätzen nëmme Franséisch, an dat bis haut;
  • Bis ongeféier 1980 huet bei all Begriefnes e franséischen Douanier missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit;
  • Zowaasch ass déi eenzeg Uertschaft zu Lëtzebuerg wou d'Heemecht op Franséisch gesonge gëtt.[2]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Fleischhauer, R., 2013. Lasauvage. Le fer des nobles. Korspronk 26, 143 S. Imprimerie Heintz, Péiteng. (Publikatioun vun den Déifferdenger Geschichtsfrënn)
  • Logelin-Simon, Armand, 2017. Lasauvage au temps de Fernand comte de Saintignon. Histoire d'une région frontalière 215 S. Galerie.Dok 9. Éditions centre culturel de Differdange ISSN 2076-8060

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zowaasch – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Cf. R. Fleischhauer 2013
  2. Den Text fënd een am Bichelchen "Lasauvage, le fer des nobles" vum Rob Fleischhauer, erausginn vun den "Amis de l'Histoire" Déifferdang.