Zweeandrësseg
Ausgesinn
| 32 | |
|---|---|
| Zweeandrësseg | |
|
| |
| positiv ganz Zuel, gerued Zuel, Potenz vun Zwee, zesummegesat Zuel, Leyland-Zuel | |
| Virgänger | Eenandrësseg |
| Nofollger | Dräiandrësseg |
| Ordinalzuel | zweeandrëssegst |
| Eegenschaften | |
| Primfacteur(en) | 2 |
| Deeler | 1, 2, 4, 8, 16, 32 |
| Zuel vun Dezimalzifferen | 2 |
| Aner Duerstellungen | |
| Réimesch | XXXII |
| Binär | 100000 |
| Oktal | 40 |
| Duodezimal | 28 |
| Hexadezimal | 20 |
|
| |
Déi natierlech Zuel Zweeandrësseg (32) ass d'Nofollgerin vun der Eenandrësseg an d'Virgängerin vun der Dräiandrësseg. Et ass eng gerued Zuel.
Mathematik
[änneren | Quelltext änneren]Dat réimescht Zeeche fir d'Zweeandrësseg ass XXXII.
Et ass keng Primzuel.
- D'32 ass déi fënneft Zweeërpotenz ().
- Et ass déi drëtt Leyland-Zuel, well ee s'als schreiwe kann, souwéi déi néngt glécklech Zuel.
- 32 = .
Naturwëssenschaft
[änneren | Quelltext änneren]Astronomie
[änneren | Quelltext änneren]Den NGC 32 ass en Duebelstär am Stärebild Pegasus. De Messier 32 ass eng elliptesch Zwerggalaxie am Stärebild Andromeda. De Kepler-32 ass e rouden Zwerg am Stärebild Cygnus. Den (32) Pomona ass en Asteroid vun der Haaptasteroidenceinture.
Chimie
[änneren | Quelltext änneren]Am Periodesystem vun den Elementer an der Chimie ass d'Zweeandrësseg d'Uerdnungszuel vum Germanium. D'Uerdnungszuel 32 bedeit, datt e Germaniumatom 32 Protonen a sengem Grondzoustand huet.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]- De Gefréierpunkt vum Waasser läit ënner Normaldrock bei 32 Grad Fahrenheit.
- D'mënschlecht Gebëss huet mat de Wäisheetszänn 32 Zänn.
- Vill Computerprozesseren a -programmer hunn eng Wuertbreet vun 32 Bit.
Aneres
[änneren | Quelltext änneren]
- Am Schach gëtt et 32 Figuren souwéi 32 schwaarz an 32 wäiss Felder.
- Traditionell gëtt e Foussball aus 32 Flächen (20 Sechsecker an 12 Fënnefecker) gemaach, déi zesummegebitzt ginn.
- D' Nationalstrooss 32 oder N32 ass eng kleng lëtzebuergesch== Nationalstrooss am Kanton Esch-Uelzecht.
- Den Inselstaat Kiribati besteet aus 32 Atollen an dräi Inselgruppen an der Insel Banaba.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Zweeandrësseg – Biller, Videoen oder Audiodateien |
