Zypern
| Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| Κυπριακή Δημοκρατία Kypriakí Dimokratía (Griichesch) Kıbrıs Cumhuriyeti (Tierkesch) Republik Zypern | |||||
| |||||
| Offiziell Sprooch: | Griichesch, Tierkesch | ||||
| Haaptstad: | Nikosia | ||||
| Staatsform: | Republik | ||||
| • President: | Nikos Christodoulidis | ||||
| Fläch: | de facto: 5 896 km² de jure: 9 251 km² (162.) | ||||
| Bevëlkerung: | 1.198.575[1] | ||||
| • Bevëlkerungsdicht: | 130/km² | ||||
| Onofhängegkeet: | vu Groussbritannien, de 16. August 1960 | ||||
| Nationalfeierdag: | 1. Oktober | ||||
| Nationalhymn: | Imnos pros tin Eleftherian (Lauschteren) | ||||
| Wärung: | Euro (EUR) | ||||
| Zäitzon: | UTC +2 | ||||
| Internet TLD: | .cy | ||||
| Internationalen Telefonsprefix: |
+357 | ||||
D'Republik Zypern (griisch.: Κυπριακή Δημοκρατία; tierk. Kıbrıs Cumhuriyeti) ass en Inselstaat am Mëttelmier. Zypern läit nëmmen eng 70 km westlech vu Syrien a ronn 100 km südlech vun der Tierkei. Domat läit Zypern zwar geographesch an Asien, gëtt awer politesch a kulturell traditionell éischter zu Europa gerechent.
D'Insel Zypern ass déi drëttgréisst Insel am Mëttelmier.
Déi fréier brittesch Kolonie gouf 1960 vu Groussbritannien onofhängeg an ass schonn nëmmen e Joer drop, 1961 an de Commonwealth agetrueden. Zanter dem 1. Mee 2004 ass d'Republik Member vun der Europäescher Unioun.
D'Republik Zypern ass en international unerkannt Land an huet [[de jure]] d'Souveränitéit iwwer ronn 97 % vum Territoire vun der Insel. Groussbritannien kontrolléiert déi 3 % déi Rescht bleiwen. D'Insel ass awer de facto a véier gedeelt:
- den Territoire (am Süde vun der Insel) deen effektiv ënner Kontroll vun der Republik Zypern ass,
- de vun den Tierken occupéierten Norde vun der Insel, dee sech selwer Tierkesch Republik Nordzypern nennt an nëmme vun der Tierkei als eegestännege Staat unerkannt gëtt,
- eng vun de Vereenten Natiounen kontrolléiert gréng Linn (Pufferzon) déi tëscht deenen zwéi Bléck läit,
- den zwou brittesche Militärbasen Akrotiri an Dekelia (en: Sovereign Base Areas), extraterritorial Gebidder an Iwwerreschter aus der Kolonialzäit déi ënner der Souveränitéit vu Groussbritannie stinn.
Ekonomie
[änneren | Quelltext änneren]Den 1. Januar 2008 ass Zypern der Eurozon bäigetrueden an huet zanterhier den Euro als Wärung.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Zypern – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (gr)(en) Portal vun der Regierung

