Antiquitéit

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Antiquitéit als Zäitepoch. Fir déi al a rar Sammlerobjeten, déi als Antiquitéit bezeechent ginn, kuckt wgl. Antiquitéiten.
D'Veréierung vum Homer huet déi ganz Kultur vun der klassescher Antiquitéit markéiert

De Begrëff Antiquitéit (vum laténgeschen antiquus) bezeechent eng Epoch vum Altertum am Mëttelmierraum. Si geet vun zirka 1200 v. Chr. (oder 800 v. Chr., jee no Fuerschungsrichtung) bis ongeféier 600 n. Chr. an ënnerscheet sech vun de viregen Epochen a vun deenen déi duerno kommen duerch gemeinsam an duerchgängeg kulturell Traditiounen. Zanter dem 1. Joerhonnert n. Chr. huet sech ausserdeem am Mëttelmierraum am Kader vum Réimesche Räich eng politesch a kulturell Eenheet forméiert.

Diskussioun ëm d'Epochegrenzen[änneren | Quelltext änneren]

Am méi enke Sënn nennt een Antiquitéit och d'Geschicht vum archaeschen a klassesche Griicheland, dem Hellenismus an dem Réimesche Räich (Republik, Prinzipat a Spéitantiquitéit).

Antiquitéit am méi breede Sënn ëmfaasst och d'Geschicht vun den alorientaleschen noëstlechen Héichkulture vun Egypten, Mesopotamien, Syrien, Persien a Klengasien, déi zirka mam Ufank vun der Schrëftlechkeet ëm 3500 v. Chr. asetzt. Dësen universalhistoreschen Antiquitéits-Begrëff, deen iwwer déi Klassesch Altertumswëssenschaft erausgeet, gouf ënner anerem vum Historiker Eduard Meyer am 19. Joerhonnert gefuerdert. Nees opgegraff gouf dësen erweiderten Antiquitéits-Begrëff a leschter Zäit vum däitschen Historiker Josef Wiesehöfer, engem unerkannten Expert fir dat antikt Persien.

Historesch bezeechent Antiquitéit am Sënn vun der klassescher Altertumswëssenschaft déi Zäit vun der Erausbildung vun der griichescher Staatewelt bis zum Enn vum westréimesche Räich am Joer 476 respektiv bis zum Doud vum ostréimesche Keeser Justinian I. 565. Zanter den Aarbechte vum belschen Historiker Henri Pirenne gëtt och d'Joer 632, also den Doud vum Mohammed an d'islamesch Expansioun als Enddatum vun der Antiquitéit virgeschloen.

Den Ufank vun der anticker Kultur am klassesche Sënn gëtt am Allgemenge mat der Entstehungszäit vun den Homereschen Epen an dem Ufank vun der griichescher Kolonisatioun vum Mëttelmierraum am 8. Joerhonnert v. Chr. ugesat. D'Griichen hunn hir Bildung an hir Kultur an de Joerhonnerten duerno am gesamte Mëttelmierraum verbreet, an zanter dem Alexander dem Groussen och am Orient an an Zentralasien eran. D'Réimer hunn déi antik Kultur bis a Mëttel- an Nordwesteuropa bruecht, wou si sech zanter dem fréie Mëttelalter zu der chrëschtlech-owendländescher Kultur gewandelt huet.

Jee no Fuerschungsrichtung ginn awer durchaus och d'Zäite vun der minoescher an der mykenischer Kultur vun zirka 19001100 v. Chr. souwéi d'Epoch vun de sougenannten däischtere Joerhonnerten 1200750 v. Chr. zu der griichesch-réimescher Antiquitéit gezielt.

Als Epochegrenzen zum Mëttelalter goufen ënner anerem follgend Jore virgeschloen:

Urspréng vun der anticker Kultur[änneren | Quelltext änneren]

D'Urspréng vun der europäescher Antiquitéit leien am Däischteren. Hir Virgeschicht ass zirka an d'Zäit vun ongeféier 2000– zirka 1600 v. Chr., am Mëttelhelladikum unzesetzen. Um Umfank vun dësem Zäitabschnitt – deels och schonn am leschten Abschnëtt vum Fréihelladikum FH III ongeféier 2200-2000 v. Chr. – sinn indoeuropäesch Stämm a Griicheland agewandert. Warscheinlech duerch den Afloss vun der sougenannter minoescher Kultur op Kreta, der éischter Héichkultur vun Europa, déi hir Bléi ongeféier 1900–1450 v. Chr. hat, huet sech um Festland aus der Kultur vum Mëttelhelladikum déi mykenesch Kultur (zirka 1600–1050/00 v. Chr.) entwéckelt. Si hat hiren Ausgangspunkt warscheinlech an der Argolis ass ass zu gläicher Zäit opgetruede wéi vill räich Schachtgriewer (zanter ongeféier 1600 v. Chr.). Ënner aneren huet déi mykenesch Kultur vun der Minoer d'Schrëft iwwerholl. D'Linearschrëft A, déi op Kreta (ënner anerem) benotzt gouf, mä bis haut net vollstänneg konnt entziffert ginn, gouf zu der sougenannter Linearschrëft B ëmgewandelt, a si ass op villen Tountafelen ze fannen, ënner anerem op deene vun de Palaisë vu Pylos, Theben, Mykene um griichesche Festland an och zu Knossos op Kreta.

D'Léiwepaart zu Mykene

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: [[]].
Bekannt sinn déi prächteg Zentre vun der mykenescher Kultur. Besonnesch Plaze si Mykene, Pylos an Tiryns op der Hallefinsel Peloponnes, Orchomenos a Gla a Böotien, Milet an Klengasien asw. D'Zentren haten Uewerstied, Buerge genannt, déi am 13. Joerhonnert a ville Fäll staark befestegt goufen. Räich Kuppelgriewer, fein, deels räich bemolte Keramik, Gold-, Sëlwer a Faïencerieaarbechten etc. maachen de Räichtum vun dëser Kultur däitlech, a weisen och op eng Spezialiséierung vum Wirtschaftssystem hin, deen zentral gesteiert gouf. Intensiv Handelskontakter goufe mam Noen Osten, Assyrien an Egypte gefleegt. Mykenesch Keramik war wäiten Deeler vum Mëttelmiergebitt beléift; warscheinlech gouf et souguer griichesch Handelsplazen a Süditalien. Zirka mam Zäitraum 1200750 v. Chr. ginn traditionell déi Däischter Joerhonnerten ugesat, aus deene wéineg iwwerliwwert ass.

Um Ufank vun dëser Phas goufe vill Buerge vum griichesche Festland zerstéiert, woumat d'Grondlag vun der Palaiskultur ënnergaangen ass. Déi mykenesch Traditioun hat awer nach zirka 150 Joer Bestand, éier et zum Iwwergang an déi sougenannt Protogeometrsch Period (zirka 1050–900 v. Chr.) komm ass. Der Iwwerliwwerung no huet zirka 1050 v. Chr. déi ëmstridden Ionesch Wanderung agesat, wou d'Awunner vum griichesche Festland d'Insele vun der Egäis a Klengasien koloniséiert hunn. Um griichesche Festland war en diffust Bild ze gesinn: verschidden Uertschafte goufe bis elo entdeckt an déi meescht maachen - am Verglach zu der mykenescher Zäit - en aarmen Androck. Ganz anescht dogéint Lefkandi op Euböa: do goufen nieft enger Uertschaft mat engem grousse Gebai vum Fürst vu Lefkandi Griewer fonnt, déi ganz räich ausgestatt waren.

Dat Däischtert Zäitalter gouf an de leschte Joerzéngten ëmmer méi hell - duerch méi archeologesch Entdeckungen. Laut der Homerfuerschung spigelen ënnerschiddlech Passage vun der Ilias d'Verhältnesser vun där Zäit zeréck. Si war wichteg fir d'Entwécklung vun der griichescher Gesellschaft, och bis zu der griichescher Polis. Zanter dem 8. Joerhonnert waren d'Kontakter zum Orient nees ganz intensiv an et sinn Handelsstatiounen op Zypern (Kition) an a Syrien (Al Mina) entstanen. Warscheinlech gouf schonn am spéiden 9. Jh. v. Chr. hat d'Alphabet vun de Phenizier iwwerholl.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Däischter Zäitalteren.

Bedeitung vun der Antiquitéit[änneren | Quelltext änneren]

An der Antiquitéit leien d'Wuerzele vun der Entwécklung vun der westlecher Welt. D'ionesch Naturphilosophie, d'attesch Demokratie, d'réimescht Resct a reliéise Pluralismus waren Hannerloosseschaften, un déi d'neizäitlech Opklärer, Staatstheoretiker, Naturwëssenschaftler a Mënscherechtsverfechter uknëppe konnten.

Zeien, déi bis haut aus der Antiquitéit erhale sinn - nieft den iwwerliwwerten Texter vu philosophescher, literarescher oder historescher Natur - vill Objeten aus der griichescher a réimescher Konscht. Wichteg Antiquitéitssammlunge fënnt een zu Roum, Athen, Neapel, Paräis, London, München, Sankt Petersburg, Wien a Berlin. Fir d'Kenntnis vum anticken Alldag si virun allem déi archeologesche Ausgruewunge wéi déi zu Pompeji, Olympia, Delphi oder Pergamon vu Bedeitung.

Wéi an Italien am 15. Joerhonnert ugefaange gouf, déi erhalen (meeschtens réimesch) Iwwerreschter nei ze schätzen, an dës och an der Konscht nogemaach goufen, gouf dëst Renaissance genannt.

D'Antiquitéit war awer och am Mëttelalter ni komplett verschwonnen. Et war de Verdéngscht vun de Byzantiner, den Araber a virun allem de karolengesche Pateren, datt net nach méi verluer gaangen ass. An der méi neier Fuerschung gëtt betount, datt et duerchaus eng Kontinuitéit tëscht Antiquitéit a Mëttelalter gëtt.

Zanter dem 18. Joerhonnert krut déi klassesch griichesch Konscht duerch d'Aarbechte vum Johann Joachim Winckelmann nees u Bedeitung. Am 19. Joerhonnert gouf am Zesummenhang mat den Aarbechte vun Architekten a Kënschtler wéi Karl Friedrich Schinkel, Leo von Klenze a Bertel Thorwaldsen vun enger Renaissance vun der griichescher Antiquitéit geschwat, haut gëtt dës Richtung Neihumanismus genannt.

Virun allem awer huet d'Renaissance vum anticke Geescht der joerhonnertelaanger Dominanz vu reliéisem Denken en Enn gesat. Bal all d'Iddie vun der neizäitlecher Opklärung hunn antik Virleefer. Ouni griichesch Wëssenschaft a Philosophie, ouni d'Réimescht Recht, ouni Architektur a Konscht vu Griichen a Réimer, wier déi neizäitlech westlech Kultur an Zivilisatioun ondenkbar gewiescht.

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • The Cambridge Ancient History, Cambridge University Press, 1970-2000, 14 Bänn bannent 19 Bicher
  • Felix Jacoby, Die Fragmente der griechischen Historiker (FGrHist), Weidmann, Berlin, 1923 ff.
  • S. Hornblower, A. Spawforth (Ersg.), The Oxford Classical Dictionary, Oxford Univ. Press, Oxford, 1996. (ISBN 0-19-860641-9)
  • Rosemarie Günther, Einführung in das Studium der Alten Geschichte, Paderborn, 2001.
  • Hartmut Leppin, Einführung in die Alte Geschichte, München, 2005.
  • Wolfgang Schuller, Das Erste Europa, 1000 v. Chr.–500 n. Chr., Ullmer, Stuttgart 2004.
  • Edward Gibbon, Verfall und Untergang des römischen Imperiums, dtv, München, 2003.
  • Johann Gustav Droysen, Geschichte des Hellenismus.,Perthes, Gotha, 1877.
  • Theodor Mommsen, Römische Geschichte. Weidmann, Berlin, 1902.
  • Oswyn Murray, Das frühe Griechenland, München, 1982.
  • John K. Davies, Das klassische Griechenland und die Demokratie, München, 1982.
  • Christian Meier, Athen. Ein Neubeginn der Weltgeschichte, Berlin, 1993.
  • Hermann Bengtson, Grundriss der Römischen Geschichte mit Quellenkunde. Republik und Kaiserzeit bis 284 n. Chr. Handbuch der Altertumswissenschaft III. 5. München 1982.
  • Josef Wiesehöfer, Das antike Persien. Von 550 v. Chr. bis 650 n. Chr., Artemis & Winkler, Düsseldorf/Zürich 2002.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Antiquitéit – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portal Antiquitéit – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Antiquitéit.