Bett

Vu Wikipedia
Le lit vum Henri de Toulouse-Lautrec

E Bett ass e Miwwelstéck, dat geduecht ass, fir sech drop ze leeën, gewéinlech fir ze raschten oder ze schlofen.

En typescht Bett besteet aus engem véiereckege Kader, deen op niddrege Stempele steet, op deem e Ressort ubruecht ass, op deen eng Matrass leie kënnt. Et kann op der Kapp- an der Foussäit eng Applique hunn

Op der Matrass ass e Lëllduch, weider e Kappkëssen (mat enger Kappzich), e Plommendiwwi (mat enger Housse), oder awer e weidert Lëlldech an eng oder méi Decken. Diwwi an Decke si fir waarm ze halen.

Uewendrop kann nach eng Bettspree kommen, fir d'Bett ofzedecken, wann et net benotzt gëtt.

D'Gréisst vum Bett ass der Längt an der Zuel vun deenen, déi dra leie sollen, ugepasst. Ass et fir eng Persoun, schwätzt ee vun engem "eeschléifrege Bett", ass et fir zwou, vun engem "zweeschléifregen".

Spezielles[änneren | Quelltext änneren]

  • En Himmelbett huet eng Zort Daach, vun deem stoffte Lambrequinen no alle Säiten erofhänken.
  • E Waasserbett huet eng Matrass, déi mat gehëtztem Waasser gefëllt ass.
  • E Flossbett ass déi natierlech Plaz, wou e Floss säi Laf huet.
  • Mat engem an d'Bett goen ass en ëmgankssproochlechen Euphemismus fir "mat engem Sex hunn".

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beds – Biller, Videoen oder Audiodateien