Medezin

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Medezin als Heelkonscht. Fir de Sënn vu Medikamenter, kuckt wgl. Medezin (Medikament).
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Medezin (vum lat.: ars medicina, Heelkonscht), befaasst sech mat der Gesondheet a mat der Prophylax, Erkennung (Diagnostik), Behandlung (Therapie) an Heelung vu kierperlechen a séilesche Krankheeten.

Zu de Beräicher vun der Medezin gehéieren d'Humanmedezin, d'Veterinärmedezin an d'Phytomedezin.

D'Grondlage vun der Medezin sinn Naturwëssenschaften, wéi d'Biologie, d'Chimie, d'Physik, souwéi d'Anatomie, d'Biochimie, d'Physiologie, d'Psychologie an d'Sozialwëssenschaften.

An der Humanmedezin gëtt et eng grouss Zuel vu Spezial- a Fachgebidder.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Medezin – Biller, Videoen oder Audiodateien