Schamanismus

Vu Wikipedia
Déi eelst Duerstellung vun engem sibiresche Schaman staamt vum hollännesche Fuerscher Nicolaes Witsen, dee 1692 eng Forschungsrees duerch Russland gemaach huet. Seng Illustratioun nennt hien „Däiwelspriister“.

D'Begrëffer Schaman a Schamanismus kommen aus dem Tunguseschen a bezeechnen eng Technik vun der Ekstas an de Reliounen aus den Ost- an Zentralasiateschen, wéi och den Nordeuraseche Länner, wou am Mëttelpunkt Schamanen oder Schamaninne stinn. Entstan ass de Schamanismus viru 50000 Joer an der Steenzäit. De Schamanismus ass éischter eng Form vu Spiritualitéit, wéi eng Form vu Relioun.

D'Wuert Schaman bedeit deemno sou vill wéi Zauber, Dokter oder Beschwierer. A Länner mat schamanescher Traditioun si Schamane Persoune mat ganz verschiddenen Aufgaben. D'Leit gi bei e Schaman wéi bei en Hausdokter. E Schaman ass alles an enger Persoun: Heeler, Beroder, Hellseeër a Begleeder. E Schaman oder eng Schamanin ass eng Persoun mat besonnesche Kräften, déi e verännerte Bewosstsäinszoustand erreeche kann a sou Gëtter, Geeschter oder aner héijer Kräften opsiche kann.

De leschte Schaman vun den Orogen am Juli 1994.

D'Schamane versetze sech mat Hëllef vun der Schamanentromm, duerch andauernd Danzen, d'Schelle vun hire Klacken a Metallstéckecher, déi s'un hirem Kleed hänken hunn, wéi och duerch Rauschmëttel an en Trancezoustand. An deem Trancezoustand mécht en dann eng Séilerees an en hëlt Kontakt mat de Geeschter op. Sou gëtt de Schaman e Vermëttler tëschent der geeschteger Welt an der mënschlecher Gemeinschaft. Zil vun deem Ganzen ass paranormal Erkenntnesser ze kréien, déi béis Geeschter ze verbannen, an déi gutt fir sech ze gewannen, als Bäistand an Hëllef fir d'Mënschen.

De Schamanismus ass keng eegestänneg Relioun, mä ass a méi Reliounen unzetreffen an als magesch-ekstatesch Praxis ze verstoen. D'Schamanentromm gëllt als Sëtz vun de gudde Geeschter, déi doduerch an duerch de Schaman selwer schwätzen. De Schaman, dee vun dësem Geescht besiess ass, soll déi kosmesch Uerdnung erëm hierstellen: dat heescht, krank Mënschen heelen, Onheel ofwieren, déi Doudeg op hirem Wee an den Himmel begleeden a Prognosen ofginn.

No der traditioneller schamanescher Kosmologie gëtt et zwéin Haaptberäicher: d'Uewerwelt an d'Ënnerwelt. Bei der Rees an déi sougenannten Ënnerwelt visualiséiert oder fillt de Schaman, wéi en duerch en laangen Tunnel an der Äerd geet; säin Ausgangspunkt ass meeschtens e Mauslach, en huelen Bamstamm, eng Hiel, eng Quell oder e Séi. Bei der Rees an déi iewescht Welt gesäit e sech am Himmel fléien, entweeder duerch e Sprong vun der Bamkroun oder vun enger Biergspëtzt, oder e geet mat Flamen an Damp an den Himmel.

Op hire Reese kënnen d'Schamanen zum Beispill Hiweiser kréien, wéi se Krankheeten erkennen an heele kënnen. Si sichen a fanne verluere Géigestänn, déi liewesnoutwenneg fir hire Stamm sinn, an och mol Plaze wou Iessen ze fannen ass. Si kommunizéieren och mat verstuerwene Séilen, mä déi wichtegst Aufgab fir d'Schamanen ass d'Heelen, well Krankheeten am Alldag zimmlech heefeg sinn.

Filmer[änneren | Quelltext änneren]

  • Quantum Men, (Carlos Serrano Azcona) Spain 2011
  • Other Worlds, (Jan Kounen) France 2004
  • Bells From the Deep, (Werner Herzog) Germany 1993
  • The Mad Masters, (Jean Rouch) France 1955
  • Au pays des mages noirs, (Jean Rouch) France 1947

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schamanismus – Biller, Videoen oder Audiodateien