Villa Vauban

Vu Wikipedia
Villa Vauban
D'Villa Vauban 2010
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Plaz Stadpark
Koordinaten 49°36'47"N, 6°7'21"O
Datum vum Bau 1873
D'Villa Vauban am Park.

D'Villa Vauban - Musée d'art de la Ville de Luxembourg ass d'Konschtgalerie vun der Stad Lëtzebuerg.

D'Villa Vauban gouf 1873 vum Industrielle Gabriel Mayer op der Plaz vum fréiere Reduit Vauban baue gelooss. 1949 gouf d'Villa vun der Stad Lëtzebuerg opkaaft fir d'Konschtsammlunge vun der Stad opzehuelen.

Vun 1952 bis 1959 hat de Geriichtshaff vun der CECA säi Sëtz an der Villa.

Den Direkter vum Musée ass de Guy Thewes, bis September 2018 war et d'Danièle Wagener.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. November 1868 huet de Gabriel Mayer, Besëtzer vun enger Händschefabréck, den Terrain vum geschleefte Reduit Vauban vun der Festung Lëtzebuerg kaaft an e Pavillon drop opriichte gelooss. Kuerz duerno huet hien dernieft déi haiteg Villa no de Pläng vum Jean-François Eydt baue gelooss. De Bau war 1873 fäerdeg.[1]

Schonn ee Joer duerno huet de Gabriel Mayer d'Propriétéit dem franséische Baron Charles-Joseph de Gargan (1831-1920) a senger Fra Émilie Pescatore (1840-1913) verkaaft, deen den Terrain ëm d'Villa vum Landschaftsgäertner Édouard André fäerdeg uleeë gelooss huet.

1912 krut hir Duechter Anne-Marie de Gargan (1866-1946), déi mam Norbert Le Gallais (1860-1934) bestuet gouf, d'Villa. D'Koppel hat keng Kanner, an d'Anne-Marie de Gargan huet vun 1934 un a Südfrankräich gelieft.

1940 gouf d'Propriétéit vun de Nazibesetzer konfiskéiert. An der Villa hu si de Landwirtschaftsministère an eng aner Verwaltung installéiert.

No der Liberatioun (1945) hunn d'Henriette Pescatore (1914-1984) an hire Mann, de Pierre Werner wärend dräi Joer an der Villa gewunnt.

1948 hunn d'Ierwe vun de Famill Le Gallais-de Gargan d'Miwwele vun der Villa versteeë gelooss.

1949 huet d'Stad Lëtzebuerg, mat der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Famill Dutreux-Pescatore, d'Villa fir 5 Millioune Frang kaaft. Et war 1949 scho geplangt, d'Konschtwierker aus der Sammlung Pescatore an der Villa auszestellen, wat awer eréischt 1959 konnt geschéien.

1950 gouf am Park vun der Villa e Rousegaart amenagéiert. Vun 1950 bis 1952 gouf d'Villa fir d'éischt renovéiert.

Tëscht 1952 an 1959 hat de Geriichtshaff vun der CECA säi Sëtz an der Villa. D'Audienze waren am Ufank an der Villa selwer, duerno, wéinst Manktem u Plaz, am Cercle municipal op der Plëss d'Arem.

1959 ass de Geriichtshaff vun der CECA erausgeplënnert an d'Konschtsammlunge vun der Stad konnte vun do un an der Villa ausgestallt ginn.

Den 23. Juni 1991 gouf am Park bei der Villa d'Skulptur Enlacement, e Wierk am Bronze vum Lucien Wercollier, ageweit.[2] D'Skulptur gouf spéider erëm do ewechgeholl.

Vun 1991 bis 1995 gouf de Groussherzogleche Palais renovéiert. Wärend de Chantiersjoren hunn de Groussherzog Jean an d'Groussherzogin Joséphine Charlotte offiziell an der Villa Vauban residéiert.

Vun Abrëll 2005 bis Abrëll 2010 gouf d'Villa Vauban, fir gutt 14 Milliounen Euro, renovéiert, an no engem neie museographesche Konzept ëm- an ausgebaut. D'Ausstellungsfläch gouf verdräifacht an op 862 Quadratmeter vergréissert. D'ganz Fläch vum Musée ass 2.045 Quadratmeter.[3]

Wärend der Renovatioun goufen archeologesch Gruewunge gemaach, fir d'Iwwerreschter vun de Festungsanlage nieft der Villa fräizeleeën.

Den 1. Mee 2010 huet de Musée, a Presenz vun der Kinnigin Beatrix vun Holland, dem Groussherzog Henri an der Groussherzogin Maria Teresa seng Dieren nees opgemaach.[4]

D'Kollektiounen[änneren | Quelltext änneren]

De Musée besteet aus 4 Kollektiounen, déi de Jean-Pierre Pescatore (1853), de Leo Lippmann (1878), d'Eugénie Dutreux-Pescatore (1902) an d'Élisabeth Hack (1922) der Stad Lëtzebuerg vermaach haten.

Déi ronn 300 Biller si virun allem aus dem 17., 18. an 19. Joerhonnert an zum groussen Deel vun hollänneschen, belschen a franséische Moler, dorënner den Antonius Van Dyck, Jan Steen, David Teniers, Eugène Delacroix a Gustave Courbet.

Ausserdeem ginn an der Villa reegelméisseg thematesch Ausstellungen organiséiert.

Auswiel[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Thewes, G. & J. Koeune (Koord.), 2010. Villa Vauban. Musée d'Art de la Ville de Luxembourg. Erausgi vun der Stad Lëtzebuerg. Ouni Numm vun der Dréckerei. ISBN 978-2-919878-38-3
  • Walerich, C., 2010. Vamos a la Villa. ons stad 93, S. 12-15. PDF
  • Yegles-Becker, I., 2010. La Villa Vauban. Symbole de culture et d'identité historique. ons stad 93, S. 16-19. PDF
  • Yegles-Becker, I., 1998. Parcs et espaces verts: L'invention du promeneur. ons stad 58, S. 12-18. PDF

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Villa Vauban – Biller, Videoen oder Audiodateien

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Source fir d'Geschicht vun der Villa, ausser wann anescht uginn: Isabelle Yegles-Becker 2010.
  2. Ons Stad, Nr 37 vun1991, S. 2 (Link op d'pdf-Dokument)
  3. "Villa Vauban - Klassische Kunst in moderner Hülle." wort.lu 12.04.2010 15:28.
  4. Hoher Gast in der Villa Vauban Gearchiveerd op 2010-05-04. Gekuckt de(n) 2010-08-16.