Édouard Albert Roche

Vu Wikipedia
Édouard Albert Roche
Gebuer 17. Oktober 1820
Montpellier
Gestuerwen 27. Abrëll 1883
Montpellier
Doudesursaach Longenentzündung
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Universitéit vu Montpellier
Aktivitéit Astronom, Mathematiker, Meteorolog, Universitéitsprofesser
Member vun Académie des sciences

Den Édouard Albert Roche, gebuer de 17. Oktober 1820 zu Montpellier a gestuerwen den 18. Abrëll 1883 och do, war e franséischen Astronom a Mathematiker. Hien ass virun allem duerch seng Aarbechten am Beräich vun der Himmelsmechanik bekannt ginn. D'Roche-Grenz, d'Roche-Sphär, d'Roche-Volumen an d'Roche-Potential ginn op säin Numm zeréck.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Hien hat op der Universitéit Montpellier studéiert, wou hien am Joer 1844 den Doktergrad krut. Nodeem hie sech fir e puer Joer zu Paräis weidergebilt hat, goung hie 1849 zeréck op Montpellier a war do vun 1852 bis 1881 Professer fir Mathematik.

De Roche gouf berüümt duerch déi nach haut akzeptéiert Theorie, no där d'Saturnréng duerch d'Zerbrieche vun engem Mound vum Saturn entstane sinn, deem seng Distanz zum Planéit ënner eng gewësse kritesch Grenz geroden ass, an hat eng Formel fir déi no him genannte Roche-Grenz opgestallt. Ursaach fir d'Zerbrieche solle Gezäitekräfte sinn.

D'Roche-Grenz gëllt och fir Stären, heescht dann awer Roche-Volumen. Déi gëtt un, wéi grouss de Volume vun engem Stär an engem Duebelstäresystem muss sinn, bis Matière vun deem engen zum anere Stär iwwerfléisst.

Ausserdeem hat hien d'Nebularhypothes vum Pierre-Simon Laplace widderluecht. De Laplace war der Meenung, datt sech d'Planéite aus der um Enn ëmmer méi dichter a méi séierer lënsefërmeger Atmosphär vun der Sonn gebilt hätten. De Roche koum bei enger mathematescher Analys allerdéngs zum Schluss, datt ee sech schnelldréiende lënsefërmege Kierper eigentlech net stabil ass.

Nom Édouard Albert Roche sinn e Moundkrater, e Phoboskrater an den Asteroid (38237) Roche genannt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie