Édouard Wolff (1878)

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Veterinär a Politiker Édouard Wolff. Fir aner Leit mat dem selwechten Numm, kuckt wgl. Édouard Wolff.
Édouard Wolff
Gebuer 29. Juni 1878
Dikrech
Gestuerwen 24. Oktober 1945
Veianen
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Véidokter

Den Édouard Wolff, gebuer den 29. Juni 1878 zu Dikrech, a gestuerwen de 24. Oktober 1945 zu Veianen,[1] war e lëtzebuergesche Veterinär a Politiker.

Nodeem hien den 19. Oktober 1900 säi leschten Exame gepackt hat, huet den Édouard Wolff sech als Veterinär zu Veianen etabléiert. Den 29. Juni 1919 gouf hie Staatsveterinär (bis den 1. Abrëll 1941, an dann erëm vun 1944 bis de 6. Oktober 1945).[2] Hie war 1921 Grënnungsmember, a vun 1935 u President vum Stud-Book. 1935 gouf hie Member vum Collège médical.

Vun 1921 bis zu sengem Doud war hie Buergermeeschter vun der Stad Veianen.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Theves, G., 1991. Le Luxembourg et ses vétérinaires. 1790-1990. Luxembourg, Arts et Livres, 310 S. (Wolff Edouard: S. 285).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Édouard Wolff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Doudesannonce am Luxemburger Wort 1945, Nr. 300/301 (27. Oktober), S. 3.
  2. Theves 1991, S. 294.