Ötzi

Vu Wikipedia
Ötzi
En nogemaachten "Ötzi" am Musée de Préhistoire de Quinson (Alpes-de-Haute-Provence)
Gebuer 4. Joerdausend v. Chr. jul.
Gestuerwen 3230 v. Chr. jul.
Aktivitéit Handwierker
Plaz wou den "Ötzi" fonnt gouf.
Mannequin mat Kleeder, wéi den Ötzi der unhat, am Schnalser Archeoparc, Südtiroul.

Ötzi ass den Numm, deen engem Mann gi gouf, deen ëm 3300 v. Chr gestuerwen ass an deem seng Läich duerch natierlech Mumifikatioun (Lyofiliséierung, d. h. duerch Fréieren ausgedréchent) an engem Gletscher erhale blouf.

E gouf duerch Zoufall vun enger Koppel, dem Helmut an der Erika Simon, den 19. September 1991 bei enger Wanderung an den Ötztaler Alpen, am Gletscher vum Hauslabjoch op 3.210 m Héicht entdeckt, op der Grenz tëscht Éisträich an Italien, no bei der Similaun-Biergketten. E gëtt dofir och alt Hauslabjoch-Mann oder Similaun-Mann genannt. Ufanks gouf ugeholl, et géif sech ëm eng Persoun handelen, déi virun e puer Joer an de Gletscher gerode wier. Geschwë gouf awer kloer, datt déi Läich méi al misst sinn. Analysen hu spéider erginn, datt et sech effektiv ëm e Mënsch aus der Jongsteenzäit, respektiv der Kofferzäit handele géif, dee viru méi wéi 5.500 Joer gelieft huet.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

D'mumifizéiert Läich ass 1,54 m grouss an 13 kg schwéier. De Mann war, wéi e gestuerwen ass, an déi 40 Joer al. Well en duerch d'Ausdréchene méi kleng gouf, war e méi grouss wéi 1,54 m. Den "Ötzi" hat en Aschoss vun engem Feil an der lénkser Schëller, an eng Fraktur vum Schiedel op der Héicht vum rietse Schlof. Et gëtt dofir ugeholl, datt en un engem onnatierlechen Doud gestuerwen ass: Sief et, datt e wéinst der Wonn vum Fäil verblutt ass, an dann anzwousch erofgefall a mam Kapp opgeschloen ass, sief et, datt e blesséiert a geschwächt mat engem schwéier Géigestand erschloe gouf. Aussereem hat hie blo Plazen, déi op e Kampf, vun een-zwéin Deeg viru sengem Doud, hiweisen. Well seng Gelenker ënner der Moyenne ofgenotzt waren, misst en eng héich sozial Positioun gehat hunn. A sengen Hoer gouf eng héich Konzentratioun vu Metaller nogewisen; hie misst deemno Kontakt gehat hu mat Kofferschmelzen. Den Ötzi hat och eng 50 bloschwaarz Tätowéierungen, déi a 15 Gruppen um Kierper fonnt goufen.

Nieft der Läich goufen ausser Reschter vu Gezei och e ganze Koup Alldaags- a Gebrauchsgéigestänn fonnt. D'Gezei bestoung ë. a. aus enger Jackett a Boxebeen aus Schofspelz (d'Boxebeen goufen vun engem kallefsliedere Rimm festgehalen, mat driwwer enger Schipp, déi bis un d'Knéie goung), Schong aus Rënds- a Bierelieder, déi mat gedréchentem Gras gestoppt waren, fir géint Schauteren an d'Keelt ze schützen, an enger Mutz aus Wollefspelz.

Ausserdeem hat hien e Kofferbeil bei sech, e Bou a 14 Feiler, bei deenen hirer zwéin d'Feilspëtzten aus Feiersteen erhale sinn, en Dolch aus Feiersteen, an och eng Zort Dro fir um Réck aus Hieselterholz an eng kleng zylindresch Këscht aus der Schuel vun enger Bierk, an där warscheinlech Kuel, déi gegloust huet, transportéiert gouf. Ausserdeem hat hien eng Posch fir iwwer d'Schëller mat klengem Geschier bei sech, dorënner e Buer an eng Kléng fir ze schneiden.

Soss[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm den Ötzi gouf et e klengen diplomatesche Sträit tëscht Éisträich an Italien, op wat fir enger Säit vun der Grenz e fonnt gouf. Nodeems nogemooss gouf, datt et op italieeneschem Territoire war, hunn d'Autoritéiten aus Éisträich, wou en no sengem Fond op der Universitéit Innsbruck ënnersicht gouf, e wéi dës ofgeschloss waren un déi italieenesch viruginn. Am Südtirol gouf extra e Musée opgeriicht, wou d'Mumie versuergt gëtt, an d'Saachen, déi e bei sech an un hat, ausgestallt an explizéiert ginn.

Et gouf och e jorelaange Sträit viru Geriicht dorëms, ween en als éischt fonnt hätt (nieft der däitscher Koppel hunn nach zwee aner Leit behaapt, si hätten den Ötzi schonn éischter gesi gehat), an ob a wéi vill Fannerloun dofir géif eraussprangen. Eréischt 2010 konnt dës Affär zu Gonschte vun der däitscher Wittfra (de Mann war an der Tëschenzäit gestuerwen) entscheet ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ötzi – Biller, Videoen oder Audiodateien