Blood on the Dance Floor - HIStory in the Mix ass e Remixalbum vum Michael Jackson deen den 20. Mee1997 erauskoum. E setzt sech zesummen aus aacht Remixe vu Lidder vum Jackson sengem Studiosalbum HIStory (1995) a fënnef neie Lidder. Mat geschate sechs Millioune verkaaften Exemplairen ass et de meeschtverkaafte Remixalbum iwwerhaapt.