Sir Howard Grubb, Parsons and Co.

Vu Wikipedia

De Sir Howard Grubb, Parsons and Co. Ltd., och bekannt ënner dem Numm Grubb Parsons war e Fabrikant vun Teleskope zu Newcastle upon Tyne.

D'Firma gouf 1833 zu Dublin vum Thomas Grubb ënner dem Numm Grubb Telescope Company gegrënnt.[1] Säi Jong Howard Grubb hat sech 1864 ugeschloss. D'Entreprise war 1925 a finanziell Schwieregkeete geroden, a gouf vum Sir Charles Parsons opkaf an ëmgenannt.[2]

Bedeitend Teleskopen[änneren | Quelltext änneren]

De 27 Zoll Refrakter am Universitéitsobservatoire Wien

D'Firma hat eng Rei vun Teleskope gebaut, vun deenen der en ettlech zu de gréisste vun hirer Zäit gehéiert hunn. Déi gréisst Spigelteleskope sinn

woubäi et sech bei den zwéi leschtgenannten ëm Schmidtkameraen handelt. Och am 19. Joerhonnert hat d'Entreprise bedeitend Teleskope gebaut. Den

  • 48 inch Teleskop vum Melbourne Observatoire, 1869, war dat zweetgréisst Teleskop zu senger Zäit, nom Leviathan, dat vum Papp vum Charles Parsons konstruéiert war an him a Bezuch op de Metallspigel geglach huet. Doriwwer eraus goufen och eng Rei vu Refraktere gebaut, sou war de 27 inch vum Universitéitsobservatoire Wien, 1878 dat gréisst Lënsenteleskop vu senger Zäit, nëmmen iwwertraff vun den zwéi virdru genannten Teleskopen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Portal Astronomie

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Backyard Voyager Page 1
  2. Backyard Voyager Page 2